Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Chip; een Ufank; wou ee keen Enn gesäit...!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 18/5/2013 22:49:43

Déi lescht Chamber Debatte an der ënner anerem och iwwer den Chip

vun de Carte d’ Identité ofgestëmmt gouf; Gesetz 6330;  

ass och hei am Land den Ufank

vun der totalitärer Iwwerwaachung, déi sech lues a schläicht

mam But, iergendwann de Mënsch selwer gechipt gëtt!

Mat onsen Déieren hu se schonn ugefaangen!

Et ass nëmmen vir d’ Wuel vum Muppes, wann e fortlafen géif,

oder soss iergend wou blesséiert am Gruef géif leien;

kéint Déier séier sengem Besëtzer zou geuerdnet ginn!

Pappalapapp, den Déieren Asyl kritt dacks genuch Déieren eran,

déi zwar gechipt sinn, awer de Besëtzer sech net registréiert huet,

ergoe, ass dee Schoss schonn no hanne lass gaangen;

ah nee; ech hat elo Käschten vun deem Chip vir Déieren vergiess,

wou de Besëtzer seng 15 % TVA bezuelt huet.

Den Chip bei den Déieren wor ee legalen Déieren Versuch,

mam Argument, Déieren domatter ze schützen!


Den Chip an der Carte d’ Identité RFID-Chip

(RFID steet fir Radio Frequency IDentification)

soll och just zum Gudden

vum “Bierger” agefouert ginn, administrativ Virdeeler,

administrativ Vereinfachung, am Wuel vum “Bierger”?

Pardon; administrativ Simplifizéierung bei enger komplett falsch

strukturéierter Administratioun, déi esou zéi fléissend leeft,

wéi de Verkéier iwwert de Bvd. Royal!

Mir kréien dat schéin geschwat, wéi sou vill aner Sujet’ en,

déi just am Wuel vir eis geduecht sinn; awer mengt net;

dass déi Dammen an Hären iergendeppes ouni Hanner Gedanken stëmmen!

Et geet eigentlech em dat grousst Ziel: déi total Kontroll,

an dat ass den Chip an eis selwer!!!

An dat leeft iwwer kleng Etappen, déi all ganz praktesch

ausgesinn a wou keen sech beschwéiert.

(cf. Geschicht vum Fräsch dee lues gekacht gëtt)


En Chip hei en Chip do, bis dat eis esou lästeg ass,

dass mer et praktesch fannen, wa mer deen an eisem Aarm hunn.

Fir d' éischt wësse mer wou eis Muppe sinn a mat wat se geimpft sinn,

dann eis Kanner, da mir selwer!

Den DR. Colombera hat vëlleg Recht, dass hien déi Evolutioun vun deem

Ge’ Chip’ s ugeprangert huet, no a no ginn ëmmer méi

sensibel Donnéeën gespäichert:

Krankheeten

Gebrauch vu Medikamenter

Privat Situatiounen zb. de Revenue

de Statut, ob ee Chômeur, Invalide oder Wittfra ass

Casier judiciaire

Impfungen

a.s.w.

Wann Si ons alleguer iwwerzeegt hunn, dass mir um “séchere Wee”

mat der Carte d’ Identité inklusiv dem Chip sinn,

kënnt dee nächsten Akt am “Horror Theater”

Borgeld gëtt ofgeschaaft mam Argument,

dass déi dreckeg Schäiner Viren, Epidemien an soss Krankheeten

all ze séier verbreeden, och gëtt vun de Käschten geschwat,

wat EZB do aspueren kéint, well dat Gedrécks jo och vill Suen kascht.

Alt nees gëtt op ons "Intelligenz" gesat, dass mir dat voll a ganz agesinn,

well mir elo jo schonn quasi alleguer borgeldlos bezuelen, ze guer mam

Smart Phone kann een de Bus Ticket bezuelen, et ass jo sou einfach,

mir kréien dat alles esou bequem gemaach!

Ouni iwwer Konsequenzen no ze denken huelen mir déi Novotéiten

gären un, naïv, renne mir an totalitär Sklaverei,

déi net méi op ze halen ass!

Elo schonn kann all Transaktioun vun der Bankomat’ s Kaart poursuivéiert

ginn, all Telefonsgespréich an all SMS gëtt gespäichert!


d’ Ziel ass déi totalitär Iwwerwaachung, an ons Minister

mëschen do voll mat!

Dann sin mer keng Individuen méi; et get keen Borgeld;

keng Méiglechkeet laanscht exzessiv Besteierung ze kommen,

et gëtt alles direkt vum Chip ofgebucht!

Si gesinn wei eng Dokteren Du konsultéiers an waat fir

Krankheeten asw. Du hues!

Dann gëtt et keng Fraiheet méi!

Et entwéckelen sech invisibel Barrièren; wanns Du net erwënscht bass

hues Du keen Zougang zu ëffentlechen Gebaier oder Verkeiersmëttel,

kanns neierens goen ouni dass se daat wëssen....

Ouni Impfungen kriss Du keng Rent méi ausbezuelt...!

Dëst Gesetz ass den Doud vir Mënscherechter,

dat lescht bësse Fräiheet kréien mir domatter geklaut!

An d'Menschen freeën sech nach fir gechipt se gin well se dat

sou verklickert kreien dass et fir hiereegen Secherheet agefouert gëtt!

Dofir suergen se am Moment dofir, dass d'Kriminaliteit rapid zou hëllt,

fir d Leit dozou ze bréngen no mei Kontroll ze jaitzen!

Nee, ech sinn net paranoïd, et ass d’ Realitéit!



Den DR. Jean Colombera, deen sech vehement

dogéint gewiert huet, natierlech ënner groussem

“Boohahahaaaaaaa” vun den aneren Deputéiert a Minister!


Interventioun vum DR. Colombera géint d' Carte d' Identité mat Chip:

Séance publique vum 15/05/2013Projet de loi N° 6330

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/1110/sequence/44588.html#


De "Bierger" biergt vir säin Land, eleng deen Terminus

ass Sklaverei!!!





Bookmark and Share

d' Senninger Schlass!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 20/4/2013 00:58:28

Ech fuerderen direkt Demissioun!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 19/4/2013 00:13:38

De sëffege Banke Secret

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 9/4/2013 21:30:32

Bommeleeër; kee wëll et sinn...!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 14/3/2013 23:41:42

Polemik iwwer den ADR

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 6/2/2013 00:34:10

Tréis, d' Fanni an d'Jakko

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 30/1/2013 22:59:26

Nato, Srel an d' Bommeleeër

Herausgegeben von Sonja Thorn in Visiounen · 26/1/2013 22:37:15

Illuminati Komitee 300

Herausgegeben von Sonja Thorn in Visiounen · 14/1/2013 22:44:07

d' Ried vum Heng

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 29/12/2012 22:47:58
Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü