K wéi Kachkéis - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

K wéi Kachkéis


Fréier hate mir Lëtzebuerger jo sou muenches, op wat mir konnten houfreg sinn,

haut ass just de Kachkéis iwwereg bliwwen, deen d' selwecht gutt schmaacht,

d' selwecht pëscht, a mat Lëtzebuerger Moschter op enger Bottesch ee Genoss ass!

De Rescht vun onsem Houfert kënne mir getrouscht vergiessen!

d' Gëtt alles verkaf, wat sech zu Suen maachen léisst, doranner sinn d' Hären top!

Stop; gehéiert Luxlait net och schonn auslänneschen Investisseuren!

Merde alors, da stëmmt jo dës ganz Rubrik net, da gehéiert ons emol net méi dee schmantege Kachkéis?!

Elo sinn ech depriméiert... wat hunn mir Lëtzebuerger dann nach opweises??

Nee, lo sot mir net: de Juncker!!

Dee pëscht schonn vill ze laang als Premier op dem Regierung's Teppech,

mol net mat schaarfe Moschtert ass deen verdaulech!!

De Claudie National ass méi fad, wéi de réie Kachkéis an der Strull!

d' Kritiker bereeden de Kachkéis éischter moer zou, well een do de Gôut,

a just de Gôut vum Kéis schmaacht, soubaal een awer de fäerdege Produkt keeft,

mat vill Schmand, ass d' Meenung vum Juncker verfälscht! Et wëll een ëmmer méi,

awer d' Resultat weist sech just op der Wo!

A Politikerkreeser nennt een dat Politbarometer.

d' Kilo 'en gëtt ee net méi lass, souwéi mir dem Juncker um Bak pëschen hunn!



 
 


Op wat, ergoe, sollen mir Lëtzebuerger nach houfreg sinn?

De Frieden, deen wuel geschwënn d' Roll vum Juncker iwwerhuele wäert?

Deen Zoppekinnek, déi hallef Portioun, deen; wéi en ausgesäit;

de Kachkéis just an der Strull giess huet!?

Wat vir eng Perspektive vir ons' t Land!

Wou sinn ons Wäerter gebliwwen, wou ons Geschicht, déi dagdeeglech an d' Kräizféier gestallt

gëtt; verbrannt gëtt, wat ons Grousselteren opgebaut hunn!

Wat ass d' Wourecht vum Kéis, dee mir gebuede kréien, ee Kéis, deen zum "Himmel" sténkt!

Wéi identifizéieren mir ons, an enger sou pëscheger Gesellschaft,

dass ee fräi' t Agéieren guer net méi méiglech ass?


 
 



 
Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü