K wéi Kompetitivitéit - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

K wéi Kompetitivitéit


Ech kann mech erënneren dass virun 2 Joer nach déck vu Kompetitivitéit getéint gouf...!

Kompetitivitéit ënnerdréck’ en d’ Politiker awer éischter, wéi wann se déi géifen lancéieren!

Wat ons Politiker vir hunn, sinn déi selwecht Mesuren wéi zb. an Griicheland!

Och ze Lëtzebuerg kann de Bierger säin Prêt net méi bezuelen, wann en op Kuerzaarbecht

gesat gëtt, oder nach schlëmmer, wann en seng Aarbecht komplett verléiert!

Wéi sot de Premier bei der Iwwerreechung vun sengem leschte Präis, dem BELA Award 2011

Mir Lëtzebuerger wieren Liewensonlëschteg, net houfreg genuch, während Asiaten bzw.

Afrikaner net géifen ophalen; Europa; also de Juncker ze luewen....

Also Vollek, mir sollten ons awer och schummen!!!!

De Juncker kritt Flemm, wann en aus dem Fliger klëmmt, well hien dann nees an deem Land vun

den onzefriddenem Bierger souwéi ondankbaren Leit ëmginn ass, déi seng Aarbecht guer net

wierdegen....!!!

Schumme sollten mir ons, ALLEGUER!!!


 
 


Oder wien sollt sech schummen?

Permanent Präisser an ze heimsen, an säin eegent Vollek als onzefridde Bierger

(och international) duer ze stellen, wou hien anscheinend keng Ahnung huet, wéi et verschidden

Leit am Ländchen wierklech geet!

Dat ass arrogant, awer onse Premier dierf anscheinend alles soen, well keen sech traut, him

widdert Been ze pissen!

Zënter 18 Joer heescht de Staatsminister Jean Claude Juncker, sollt eleng dëse Fait ons net

ellen ze denken ginn!

 
 

Zum Thema Gewerkschaften; weist mir; wou déi ons an deene leschte Joeren gehollef hunn;

sérieux gehollef hunn; schonn an der Stolkris vun 1972 hu se d’ Aarbechter falen gelooss, an

dat gouf an de Joeren duerno bäi Läiwen net besser!!

Haut setzen d’ Gewerkschaftler och an der Chamber, kréien hir Deputéierten Diät, awer vun

Diät kennen se näischt, well d’ Krawatte ellen ronderëm den Hals stremmt!

Elo soll de Budget vun 14,2 Milliarden revidéiert ginn, edel Iddien huet de Bierger keng erbäi

bruecht, well déi net relevant sinn, do hëlleft keen Protest, dass mir keen Tram brauchen!

Den Tram ass geplangt, d’ Enveloppen verdeelt, do kënnen ons Politiker keen Réckzuch maachen,

well soss Milliarde Kloen op’ t Ländchen zoukomme géifen!

Edel Iddien wieren zb. dass mir fräiwëlleg op 30 % vun onsem Loun verzichte géifen, edel sinn

Däten vun de Politiker, déi sech ëm 14.000 € de Mount belafen, OUNI hir aner

“Niewenakommes”

 
 

Edel wier et, wann déi mol verëffentlecht géifen, an de Bierger Kloerheet hätt, op déi och

versteiert ginn!

Vir nach emol op de Staat’ s Budget vun 14,2 Milliarden zeréck ze kommen, dat bei enger

Awunnerzuel vun knapp 500.000 Bierger, well ech bezweiwelen, dass dee Budget iwwerhaapt

konform ass!!!

Dee Budget, deen an der Déckt vun engem Telefonsbuch presentéiert gouf, versteet dach mol

net de Finanzminister, vun deenen aneren ganz ofgesinn!!!

Se sollten deen mol als PDF fräi ginn!!

Vläit géif de Bierger do nawell besser duerchblécken!

Awer dat ass net gewollt, domm léisst sech jo am Beschten regéieren, dofir hunn mir jo

ëmmerhin zënter 28 Joer, dee selwechten Diktator un der Muecht!

Ech wollt elo awer nach kuerz op’ t Mon”Arsch”ie zeréck kommen!

Do gouf jo elo virun kuerzem eng feudal Hochzäit gefeiert, déi de Bierger berappe muss!

Vill Zuelen sinn duerch de Raum geschwieft, eng Zuel gouf ënnert den Teppech gekiert,

nämlech d’ Privat Verméigen vun der Famille Nassau, wat sech op 5 Milliarden beleeft!!

Relax, déi sinn kompetitiv, ons Nassauer!!!

VIVE LËTZEBUERG

VIVE DEN EDELEN IDDIEN

VIVE MA BLÉIFT UM KIVIV

 
 
Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü