K wéi Krich - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

K wéi Krich



Krich bedäit Muecht, Muecht ass onseparabel mat der Politik verbonnen!

Wa mir iwwert d' Geschicht vum Krich schwätzen, musse mir och vun de Karteller schwätzen,

an eis froen, wei kann et sinn dass mir elo réischt erwächen!

Am Joer 1925 gëtt aus de Firmen BASF, BAYER an Hoechst d'Aktiegesellschaft IG-Farben.

Wäert deemools schon 10 Milliarden Reichsmark (60Milliarden Euro), Unzuel vun den

Employéeën: 80'000 Leit.

Mat Ofstand gréisste Pharma a Chimiekonzern vun der Welt.

1929 ass een sech géigesäiteg awer esou op d Féiss getrëppelt, dass en sech getraff huet,

a jidderengem säi Revéier zougesprach ginn ass.

Genee wei d' Gangster dat mat der Bronx a Manhattan maachen,

sou hunn dës Karteller et mat der Weltkugel gemaach.

Standard Oil krut an den USA d'Ueleg an d' Chimiegeschäft zougesprach.

D' IG-Farben krut dat weltwäit Chimie-Pharmageschäft an d' Pëtrolsgeschäft fir ganz Zentraleuropa.

d' Dokumenter vum Nürnberger Krichsverbriechertribunal weisen a beweisen dass den 2.Weltkrich

net zu Berlin virbereet a geplangt gouf , mä an IG-Farben Konzernzentrale zu Frankfurt.

1.Phase vun der Eroberung vum Chimie-Pharma Pëtrolsgeschäft, war den europäesche Marché

2. Phase war d'Iwwerhuele vun Groussbritannien fir de Marché och do ze hunn.

3. Phase war schliisslech d'Eroberung vum amerikanesche Marché.

Viraussetzung fir dësen Däiwelsplang war natierlech, dass aus enger Demokratie eng

Diktatur huet misste geschaaft ginn.

Sou war et dann de 27.Januar 1933 zu Berlin, wou de Preisen hiert Parlament

gebrannt huet, de Reichstag!

Déi Responsabel ware natierlech di politesch Géigner wei d' Gewerkschaften an

d' Sozialdemokraten. Den Dag drop sinn d Gewerkschaften an d' Parteien verbuede ginn

D' Biergerrechter goufen "zur Sécherheet" vun de Bierger opgehuewen!

Joerelaang ass no dësen Dokumenter gesicht, kee konnt verstoen firwat se net ze fanne waren.

Enfin goufen se 2007 erëm fonnt, du sinn och direkt di 40´000 Säiten an den Internet gestallt ginn

vun Dr. Rath: Foundation ënnert www.profit-over-life.org


Aus dësem Dokument geet herfir dass d' IG-Farben de Nazien den Dag no dem Reichtagsbrand
 
400'000 Reichsmark;
haut 10 Milliounen Euro!; op en Treuhandkonto iwwerwisen huet

Et war eng Art "Aarbechtsoptrag" dësen Reichtagsbrand am Interessi fir d'Demokratie

ofzeschafen an eng Diktatur z'erméiglechen, wou dëse Krichsinteressien an virun allem den doraus

resultéierende Profitter déngt.

3Woche no dem Aarbechtsoptrag vum Reichtagsbrand koum dann och d Ermächtigungsgesetz

vum 24.Mäerz 1933.
.
Kuerzfaassung: Den Hitler schreift d Gesetzer am Interessi vun den IG-Farben.

Am Oktober 1933 kaum en halleft Joer méi spéit, trefft een sech ëffentlech.

De gegléckte Staatsstreech gëtt celebréiert!

d' IG-Farben Nazi Leit hunn sech deemools zu München getraff.

Wien wor den Sponsor vun deem ganzen Hitlerismus?


Et gëtt ëmmer e ganz einfachen "Trick" fir eraus ze fannen wien de Schëllegen ass.

Dëse nennt sech säit de Reimer schon : QUI BONO. Wien profitéiert!

Wann een dem Geld nogeet, fënnt een ëmmer di schëlleg Leit hannendrun.


http://www.youtube.com/watch?v=6DYkWo59iqM&feature=plcp




d' Geschicht dréint sech, Politik genee esou!

Haut ass d' Muechtverdeelung an de Profit net manner kritesch un zegesinn!

Just kréie mir, de Bierger dëst guer net mat, well Politik an d' Muecht hannert zou' enen

Dieren celebréiert gëtt;  a mir; wéi ons Generatioune virdrun, vir domm gehale ginn!

Deen enzege Virdeel, deen ons Generatioun huet, ass den Internet, a seng Méiglechkeet

sech onofhängeg vun de Main Stream Medien ze informéieren.

Dofir sollte mir profitéieren, muench Länner hunn net dee Moyen, an och hei wëlle

se ons geschwënn verbidden, wat mir ons online ukucken!

Ee Krich gëtt net erklärt, finalement wore se ëmmer onerklärlech!


Haut liewe mir am kale Krich, dem Krich vun de Finanzen, der Bourse an de Spekulanten!

A mir soll kee wäismaachen, dass elei alles propper ouni Korruptioun

an dreckeg Intrigen fonktionéiert!

Ganz am Geigendeel, mir erliewen et dagdeeglech, dass "Skandal' er" opdauchen,

déi huerteg nees verschwannen, och onst Ländchen bléift net dofunner verschount,

obwuel an onserer "Grompere - Monarchie" gären alles ënnert den Teppech gekiert gëtt!


Karikatur:

Carlo Schneider


Krich, erliewe mir daagdeeglech, mir interpretéieren en just falsch!"

Et gëtt keng Méiglechkeet, onschëlleg Leit ze néier ze strecken.

Déi eenze Muecht, déi eng Regierung huet, ass d' Gewalt, d' Verbriecher néier ze strecken!

Wann et net genuch Verbriecher gëtt, schaaft Regierung sech déi selwer!

Alles gëtt zu engem Delikt declaréiert, dass et vir d' Mënschheet onméiglech gëtt;

ze liewen; ouni Gesetzer ze briechen..."


De Stolhierm op dem Kapp, quetscht Gehir!

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü