K wéi Kritik - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

K wéi Kritik



"Es gibt viele Arten zu töten.

Man kann einem ein Messer in den Bauch stechen, einem das Brot entziehen,

einen von einer Krankheit nicht heilen, einen in eine schlechte Wohnung stecken,

einen durch Arbeit zu Tode schinden, einen zum Suizid treiben,

einen in den Krieg führen usw.

Nur weniges davon ist in unserem Staat verboten."

Bertolt Brecht




 
 
 


Et gëtt genuch am Land ze kritiséieren, just domatter ass keng Léisung a Siicht!!

Awer Kritik ass een Ufank, déi gliddesch Eisen un ze paaken, déi d' Leit alleguer esou fäerten,

well se sech jo "outen" missten, hir eege Stellungsnahm ëffentlech ze vertrieden!

Genee do läit d' Kromm an der Heck, ech halen näischt vun der Excuse:

"Onst Ländchen ass kléng, do schwäetzt sech alles huerteg erëm"

Wier dat net éischter ee Slogan, d' Méiglechkeet ze ergräifen,

opmierksam op seng Denkweis ze maachen, aplaz,

Angscht virun sengem eegene Courage ze hunn??

Angscht geport mat Ignoranz, eng geféierlech Mëschung!

Ignoranz geport mat konservativer religiéiser Opfaassung,

sou kéinnt een de Gros vun de Lëtzebuerger titeléieren,

an dat mécht mir Angscht!!

Nee, ieren ech mech?

Virwat kritt dann de Claudie National bei all Walperiode iwwer 80 % vun de Stëmmen?

Et ginn genuch Leit, déi sech iwwer hien beschwéieren,

komesch, dass déi selwecht Leit mat Houfert nierft him stinn, wann eng Foto geschoss gëtt?!

"Wéi den Wand dréint, sou dréint mäin Hutt"


Dat ass de sechere Wee, dass mir ons verléieren, verléieren an engem Land,

wou mir et selwer opginn, ons Meenung ze soen!!

Nëmmen kengem, a sech selwer och net, op' t Féiss trëppelen, liewen a liewen loossen,

a wann och op Puff, d' haaptsaach weisen, wéi gutt et engem geet,

an engem Land vu Lakaien!

Ech hunn et laang opginn, mat der Norme ze lafen, kloer,

ech hunn net vill Frënn, awer ass dat ee Nodeel?

Wat bedäit dann eng Frëndschaft, an enger Welt,

wou d' Mënschen all mat Schäiklappen duerch d' Géigend lafen,

an de Beschass op éischter Plaatz steet!

Och an der Politik gëtt de Beschass gedriwwen, a gar a Box, et mault een eppes,

wou e keng Berechtigung hat, dann huet en ausgemault...


 
 


Eist Land gëtt zënter Generatiounen vun de Pafe regéiert, an déi wëssen anscheinend genee,

wéi se mat "Revoluzzer" ëmginn; déi ginn lieweg begruewen!

Do ass den Hären an Dammen um Krautmaart "Recht",

dass de Rietspopulismus grouss Wellen schléit,

well déi Domm loossen sech am einfachsten regéieren!!

Awer sollten mir endlech wakreg ginn, sollten politesch Thematiken eescht huelen!

Wéi kommen ech doropper, dass déi meescht se net vir bor Mënz huelen?

Ech ginn vill politesche Cabaret kucken, well ech gären d' Acteure ënnerstëtzen,  

hir Aarbecht honoréieren!

Politesche Cabartet ass vir mech einfach de "Non plus Ultra"

Et fält engem kritesche Bierger awer ferm op, dass de Gros vun de Leit,

éischter hir nei Garderobe presentéieren,

wéi sech intensiv mat der Thematik auserneen ze setzen!!

Et gëtt geklappt, awer och just sou vill, wéi néideg, nëmmen kengem weisen,

dass een net mat der Norme schwëmmt...

Schued, dass ee mat de Leit net weder an' t Gespréich kënnt, ma nom Spektakel

wëll keen mat engem schwätzen, deen och do geklappt huet, wou aner just gehouscht hunn!!!


Mir woren den "Alles Poppenetti" vum Cabarenert
am Centre Culturel

vun der Gemeng Wëntger kucken, ech wor positiv iwwerrascht, wéi d' Leit matgaange sinn.

An dat am éischter dach konservativem Norden! Ee wierklech gelongenen Owend!

 
 

Foto:

Monique Melsen & Karin Seywert




Sou sollt et och sinn, een Acteur gëtt net vum Lëtzebuerger Filmfong gepusht,

et bedäit haart Aarbecht an 100 prozentegen Asatz, an dat kontinuéirlech!

Dat sollte mir honoréieren!


Et geet guer net drëm, dass mir bléiwen wëlle, wat mir sinn, finalement geet et drëm,

dass mir ons beweise missten, ons eegen Identitéit erëm ze fannen!

Do sinn mir nees beim Ufank, a fannen kee gemeinsame Konsens!

Wéi och?


 
 

Elo ginn ech emol vu mir aus, mäin Buch “Kritesch Gedanken” ass iergendwéi,

wéi d’ Politik, kontovers, net richteg an ze schätzen, net global ze betruechten!

Ech hunn muench Géigner, déi dat Buch “egal wat” fannen, awer wat ass méi banal ze betruechten;

ee Buch vun engem Bierger; deen ee Projet selwer op’ t Been setzt,

oder Politiker, déi sech pushen loossen, a manner sarkastesche Grips hunn!

Pardon, ech wëll mech net mat dëser Politiker Liga op ee Niveau stellen, der Däiwel net!

Divers Partien hunn mech gefroot, dass ech mech an hirer Partei opstelle loossen!

Nee, ech sinn onparteiesch, well et dach gewosst ass, soubaal een enger Partei ugehéiert,

kritt een och ee Maulkuerf ugedoen!

ECH wëll kee Maulkuerf!!

Léiwer sinn ech onbeléift, wéi mech an engem Bunker erëm ze fannen,

wou ech anere Leit hir Attituden vertrieden, zu deenen ech net 100 % astinn!!!



Viru geraumer Zäit sinn mir op Kongresser vun Déi Lenk gaangen, hunn ons encadréiert gefillt,

et konnt een mam André Hoffmann schwätzen, ee Politiker deen a mengen Aen dee Beschte

vun der Chamber wor, mir hunn Membere kenne geléiert, an ons wuel an deem Kader gespiert.

A mengem Buch "Kritesch Gedanken" stinn och 3 "Gedichter" iwwer' t Déi Lenk.

d' Politesch Thematik huet awer dozou bäi gedroen, dass mir net mat all Mesuren

vun Déi Lenk d' accord woren.

Nodeems ech vun engem Member gefrot gouf, ob ech mech vir d' Gemengewahlen opsetze wéillt loossen,

an ech dat net wollt, wor Symphatie net méi déi selwecht!

Reklamme vir mäi Buch "Kritesch Gedanken" krut ech keng bei Voxx, awer

wéi d' Zeitung een Artikel iwwer' t de Rietspopulismus geschriwwen huet,

do wor mäin Buch; wat Rietsradikaler verbrannt hunn; op ee Mol gutt genuch vir an de Voxx!

Ouni mech ze froen; wou déi Foto mech genuch schockéiert hat; wor se bei Voxx online!

Op eng Erklärung waarden ech nach bis haut!

Ech fille mech net als "Dichterin" scho guer net als "lénk Dichterin",

si politesch kenger Partei unhängeg, och wann ech mech bei "Déi Lenk"

engagéiert hunn!

Ech loossen mech vun kenger Zeitung an eng Kollektiv drécken,

dat wëll ech kloer stellen!



 
 


Kee wëll et ausschwätzen, awer ALL Politiker ass erpressbar, soss wier hien net op der Schinn,

wou hien sech beweegt! Wier ee Politiker net erpressbar, kéinnt keen him ee Maulkuerf undinn,

wann en zevill aus der Rei danzt, sou danzen se alleguer brav, a keen traut sech ee

falsche Schrëtt ze maachen well soss d' Carrière séier op een Enn wier!

Just duerch Erpressbarkeet hält Chamber hir Leit an der Léngt!

Sief dat nu national, oder international, sou leeft den falschen Hues!



Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü