K wéi Koruptioun - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

K wéi Koruptioun


Mir hunn elo ee Korruptioun' s Büro am Land, eng Hot-Line,

wou een Korruptioun melle kann!

Wat eng Intensivéierung!! Wat ee Progress!

Wat wëll de Bierger awer elo mat dëser Inovatioun ufänken?

Huet dat ee Wäert, wann ech zb. dohinner ueruffen a mellen, dass d' Pafen korrupt sinn?

Huet dat eng Influenz op d' Politik??

Hei elei, oder ass dat geduecht, de Bierger ze berouegen, dass onse Staat korrekt agéiert?

An et offiziell keng Korruptioun gëtt???

Nee, dat gleewen ech awer elo net! Wou de Becca mam Lux dach déck Copain' en sinn,

an do muenches gedréit gëtt, wat net ganz lagal wor!

Wou d' Enveloppen am Land dach verdeelt ginn, dass et dem "normale" Bierger schwindleg géif!

Alles ënnert dem Regierungsteppech!!


Offiziell sinn d' Lëtzebuerger déi brav' ste Natioun,

soulaang keng Botzfra ënnert den Teppech kucke geet!!

Inoffiziell leeft et bei eis dach schlëmmer, wéi bei de Russen!!

Wat bedäit dat Wuert "Korruptioun" ?

Au moins bedäit et eng Onéierlechkeet vun den Instanzen, déi ons regéieren!

Wéi wäit déi Onéierlechkeet sech bezitt, wëll ech guer net wëssen,

mir eleng geet et duer,

fest ze stellen, dass Korruptioun am Land usus ass,

och wann all Politiker vehement "Nee" seet!

Apropos Politiker:

" All Politiker ass bestiechlech, bestiechlech an deem Sënn,

dass en iergendeppes ze verstoppen huet, mat deem hien erpressbar wier!

Dat ass ee gutt Drockmëttel, a gëtt voll ausgenotzt!

Muench politesch Carrière ass duerch divers Drockmëttel rapid zu Enn gaangen!

Dofir halen sech Sozialisten och sou kleng, well se genee wëssen, wat hinne blitt, wann se opmucken!

Ass dat iwwerhaapt eng Politik, vir de Bierger, oder ass dat net éischter een Esteblishment

vir sech selwer ze profiléieren??

Korruptioun, ee Friemwuert, nee, usus am Land, och wann hanner verstopter Rideau!!


An do lieft et sech jo besonnesch gutt, heemlech dass nëmme kee Bierger mat kritt,

wat gemauschelt gëtt!

"Wann et eescht gëtt, muss ee léien"


seet genuch iwwer Mentalitéit vun de Politiker aus!!

Doranner sinn d' Pafe klasse, alles ënnert der Sultane ze verstoppen!

Sief et nu, wat de Mëssbrauch vun de Kanner ugeet; alles verjährt nom Procureur Biever,;

awer d' Bumm Bumm Bommeleeër Affäre, déi leeft nach wuel laang Zäit um Geriicht!!

Nee Bumm Bumm, net ze verwiesselen mat Bunga Bunga, beides mat "B" ufänkt, ergoe brisant!

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü