Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

EU Finanz Minister?

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 30/7/2012 23:04:10

A wat brauch d' EU nach??? Hu mir net genuch Finanz Experten a schlau Politiker do setzen, déi fatzeg gutt bezuelt ginn, vir d' Suen vun ënnen no uewen ëm ze schichten??
Net nëmmen, dass de Lëtzebuerger Bierger vum Premier an auslänneschen Reportagen regelrecht vir "saudomm" betëttelt gëtt, Zitat: "Luxemburg zahlt pro Kopf mehr in den Kapitalstock des Europäischen Stabilitätsmechanismus ein als die Deutschen. Ich bin froh, dass die Luxemburger das noch nicht gemerkt haben."
http://www.handelsblatt.com/politik/international/jean-claude-juncker-solidaritaet-funktioniert-nicht-ohne-soliditaet/6119306.html
Am selwechten Interview mengt de Premier: "Die Führung der Euro-Gruppe ist ein aufreibender Job, der aus einer Unmenge Gesprächen und Telefonaten besteht. Es liegt nicht im Spektrum meiner Ambitionen, dieses Amt weiterzuführen. Aber man muss jemanden finden, der es machen kann und will."
Do kënne mir dach elo frou an och houfreg sinn, dass hien sech dësem schwéieren Task unhëlt, vir ons all ze retten, oder?
Och soss ass den Euro Gruppe Chef zimlech ofgehuewen, vir divers Fuerderungen ze stellen, dass hien den Euro Gruppe Chef och nach bléift, vir elo 6 Méint, 6 Méint, wou de Juncker seet, et géifen wuel déi spannenst!!
Wat mengt hien domatter, vir ween gëtt et spannend?
Et gëtt alles gemaach a gemauschelt, dass den Euro nees als solvabel ugesi gëtt, och d' Griichen kréien den Damp geblosen, dass all Oplagen agehale ginn, egal op de Bierger de Mastik vun de Fënstere frësst!!!
d’ Gefor besteet, dass wann d’ Griichen net méi an der EU wieren, hir finanziell Situatioun sech verbessere wäert; och wann dat vehement bestridde gëtt; aner Staten, wéi Italien, Spuenien etc
no zéien kéinten... dat wier een Desaster vir d’ Hären aus Bréissel, well et genee weise géif, dass mir ouni Euro besser drun wieren, trotz allen falschen Calcul’ en déi mir vir gespigelt kréien!!
25 % Produktioun’ s Verloscht gëtt ons vum Juncker profezeit, am “Schwaarz” molen ass onse Premier wierklech Klass!
Nee, mir brauchen nach méi EU Bürokratie, ee Finanz Minister, duerno nach ee Budget Minister, a vläit och nach ee State Minister, an op jiddwer Fall nach ee Nohaltegkeet’ s Minister, well iergendwéi muss dat Geld jo hin, wat se ons ofknäppen!
Nawell ass dëst alles keng Garantie, dass d’ Präisser stänneg klammen, dass de Wunnengsmaart explodéiert, a vill Lëtzebuerger sech ee lëtzebuerge’ t Liewen net méi leeschte kënnen!
No de Walen, wou onser aller Premier dann nees iwwer 85 % vun de Stëmme kritt, ass den Index genee wéi Arbed “Geschicht” an TVA wäert och net bei 15 % bleiwen!
Eng gutt a bëlleg Excuse: “Bréissel huet gesot, mir mussen d’ Oplagen erfëllen”
Sou gëtt Politik bedriwwen, iwwer ons Käpp ewech!
Do dreemen mir dach léiwer vum finalen Succès vum Euro!!!
Well doranner si mir gutt, am Dreemen, am philosophéieren, dass de Premier, deen zënter 28 Joer un der Muecht vum Land ass, dee beschten, dee raffinéierst’ en deen mir opweises hunn!
Verkennen mir net, dass Raffinessë och mat Täuschung, Intrige an Verrat gläich ze stellen ass!

Awer nee, wat erlaben ech mir elei, dat ass Diffamatioun!!
Dat dierf een net soen, als devot’ e Bierger huet ee gefällegst de Mond ze halen!
Genee wéi Korruptioun ass Diffamatioun verbueden, an et kënnt een an Däiwel’ s Kichen, wann een sech net dorunner hält!
Ons Politiker halen sech alleguer strikt un dës Regelen, a bieden all Sonndes de Rousekranz an der Kierch, dass si nëmme net vun der Däiwel motivéiert ginn, soss mussen se den Exorsismus um eegene Léif erliewen!
Jo, mir sinn all brav Schof, knaen onst Gras vun Monsanto, wat mir virgeluecht kréien, wielen wat mir gesot kréien, an braddelen, wat mir an de Noriichten héieren!
Sou lieft et sech dach wonnerbar, Ignoranz gläich politescher Toleranz, ass ons an’ t Wéi geluecht!

Triple A vir Sklaverei a Lëtzebuerg!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü