Hauptmenü
Et ass genial!
All Dag nei Hiobsbotschaften, déi eraus gegruewe ginn!
d’ Ass schonn impressionant, a wéi engem déiwe Krater all déi “Nouvellë”
vergruewe woren!
Den normale Bierger stellt sech do nawell vill Froen, och wann dat vun
der Regierung net sou erwënscht ass.
Firwat huet d’ Regierung eng Enquête Commissioun an d’ Liewe geruff,
wann all déi Interviews” an der Chamber eng mega Farce woren?!
Den opge”Bausch”ten huet ferm mat senge Flilleke gewackelt, huet sech
perplex an erstaunt gewisen!
Wou wor déi Enquête Commissioun dann esou kategoresch rigurose, dass
genee hannerfrot gouf, ouni dass d’ Schweessdrëpsen hinnen d’ Sprooch
an d’ Angscht virun den Konsequenzen geholl huet!
Hei elei, da kommen 2 Journalisten, de Marc Thoma an de Nico Graf, an
déi weisen drop hin, wou de Fräsch keng Krauselen huet!
2 Journalisten, déi et sech zur Determinatioun gemaach hunn, dëse wuel
gréisste Skandal Lëtzebuerg op ze decken!
Am Fong ass et jo keen Eklat, well et dach genee gewosst ass, dass et
eng “Gladio” och genannt eng ”Stay Behind” Operatioun wor!
De Klamauk läit doranner, dass keen vun den Hären Santer, Hoffmann,
Juncker a Co dëst wëll zouginn!
http://www.youtube.com/watch?v=0vNJuhN23ow&feature=youtu.be
FIRWAT?
Et géif ee Kaarten Haus zesumme falen, dat Kaarten Haus, wat zënter
Joeren op Ligen opgebaut ass, Ligen säitens der Regierung, Ligen an
Chantage an deene Reien, déi sech dach all ze gär sou helleg vir kommen!
Och wier den opge”Bausch”ten a seng Kameroden net grad an deem
beschte Liicht, an dee Spektakel mat der Enquête Commissioun géif
komplett an d’ Lächerlecht gezunn!
Eiheiheih, an dat alles 2013, wou dach elo schonn Péngscht Vakanz wéngs
den Landes an Europa Walen verréckelt gouf...
Kee Minister wëll nach iergendeppes vun der Affairë, nee “Saach”
héieren, de Juncker hëlleft am Wal “Kampf” léiwer der Merkel, well dat
him alles fuerchtbar op säin Hellege Schäin dréckt!
De Procureur Biewer trëfft sech heemlech mat Geiben a Co, just vir ee
Glas Luxlait ze drénken, d’ muss een sech jo kenne léieren...
Do laachen dach d’ Kéi!
Wat gëtt nach am Ländchen gemauschelt, et geet elo duer!
d’ Geet duer mat deene Ligen, wou d’ Ligener net responsabel
gemaach ginn!
d’ Geet duer mat deem Chantage am Ländchen, do hëlleft och keen Code
de Deontologie, deen souwisou mëssbraucht gëtt!
d‘ Geet dem Bierger ferm duer, mat korrupte Minister a Politiker, déi de
Wieler zënter Generatioune vir komplett senil halen!
ET GEET DUER!!!
Mëssbrauch ass jo d’ Wuert, wat am meeschten am Negativem Sënn
torturéiert gëtt!
MËSSBRAUCH!!!
d’ Regierung mëssbraucht seng Wieler!
Enquête Kommissiounen mëssbrauchen d’ Recht op d’ Wourecht!
Dee ganze Bommeleeër Prozess ass ee Mëssbrauch vis à vis dem normale
Mënsche Verstand!
Hei nach een Interview deen am Joer 2012 vum
Marc Thoma realiséiert gouf:
3 Dammen huet de Marc Thoma zu der Bommeleeër Affaire gefrot,
d' Lydie Polver,
d' Marie Paule Jungblut,
a meng Wéinegkeet...
"Kloer, wor et net keen“, huet de Procureur vu mir geklaut…
http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20120213/23/56341/
Vill vu mengen Aussoen ginn haut als Aktualitéit verkaf...
Kloer, ech wor mega opgereegt, awer wien ass dat net, bei sou engem
Bomme Prozess, deen dem Statsbierger horrent Suen kascht, an déi
Schëlleg sech hannert enger Fassade verstoppen,
déi och Chamber genannt gëtt...!