Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

d' Senninger Schlass!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 20/4/2013 00:58:28

An dat soll kee gewosst hunn???

Komm, mir iwwerdaache Lëtzebuerg, a maachen ee groussen Theater

draus, wou Acteueren "Standing ovations" kréien! ( Ironie aus)

Et eskaléiert zu engem Hannerhaff Theater, wou de normale Bierger

sech d' Fro stellt, op' t Wahlen iwwerhaapt nach ee Sënn hunn!

Op Bodry, Bausch, Meisch, oder soss een, deen sech als Oppositioun

titeléiert, sollt mol iwweleeën, ier hien mat de Flilleke klappt!

Well et kann NET sinn, dass zënter 2006 näischt duerch gesickert ass,

am Kreess vun deenen "Obregen", déi ons regéieren;

Pardon; manipuléieren!

Pervers an inkontinent sinn d' Ligen vun Santer, Juncker, Frieden a CO!!!

All wëssen se Bescheed, awer ons wëllen se mat

engem Prozess weider vir domm halen!

Do luewen ech d’ Aarbecht vum Marc Thoma, dem Nico Graf

an dem Jurist Maître Vogel, déi emol Liicht an dee

“schwaarze” Schlick bréngen!

All Dag eng nei Hiobs Botschaft!

Elo ass Senninger Schlass am Viséier, wat kënnt muer!

Do brauch sech keen Politiker driwwer beschwéieren,

dass mir Lëtzebuerger nawell net gutt ugesi sinn  am Ausland,

bei sou enger korrupter Politik, en plus arrogenten Aussoen,

ass dat kee Wonner!

Wann eleng de Juncker, sech diffaméiert fillt,

duerch all déi onbequem Froen, déi de Bommeleeër Prozess betreffen,

an hien ewell Angscht huet aus dem Fliger eraus ze klammen,

well mir béis Lëtzebuerger seng Politik kritiséieren,

sollt ons d’ Liicht dach finalement opgoen!

Eleng de Fait, dass Juncker a Frieden; elo “offiziell”
 
2006 vum SREL gebrieft gouf, stellt jo sécher,

dass elei 2 Leit viru Geriicht gezunn goufen,

déi als Täter op ëffentlechem Terrain gesténgegt sollte ginn ,

an dat well Juncker a CO net wollten zouginn,

dass SI genee “au courant” woren!

An anere Länner géife sou Leit direkt virun de Kadi gezunn,

loosse mir mol ofwaarden, wéi sech dat an onserer

“Grompere-Monarchie” entwéckelt!!

Et gëtt vill vun engem Wiessel geschwat,

ma hunn d’ Bierger da wierklech de Mutt, ee Wiessel un ze striewen!!

Eleng Neiwahlen géifen et ouni integral Reforme net bréngen!

Integral a Kreativ sinn do Stéchwierder,

déi een innovativen Wiessel kéinte laçéieren!

Awer: Si mir bereed dofir?

Ech géif soen : JO!

Den onofhängegen  Deptéierten Jean Colombera hat et a

senger “Ried zuer Lag vun der Natioun” op de Punkt bruecht!

Sollt de Juncker net léiwer an Opppositioun goen,

aplaz dass hien als Copie am Liewenslaf vun enger

Hirarchie verschwënnt, wat sengem

Ego nawell net sou gutt stoe géif!!

Keen huet sech dës Ausso bis elo getraut!

Keen, ausser den Jean Colombera huet sech bis elo getraut,

dee komplette System a Fro ze stellen, mat konkreten Besserung’ s

Virschléi, déi den onofhängegen Colombera vir gedroen huet!

Do gëtt natierlech gären ofgelenkt!!

Fakt awer ass, dass mir genee sou Leit wéi de Colomera brauchen!!

Deputéiert, déi net bestierchlech sinn,

déi rigeros hir Iddien representéieren,

déi nach Visiounen hunn, ech schwätzen vun Illusiouen,

déi dem Bierger zu gutt kommen, net deenen,

déi ons manipuléieren!

Et sollt een genee deene Leit eng Chance ginn,

och wann d’ Medien mat alle Mëttel probéieren,

Seninger Schlass!

dës innovativ Iddiën ze begruerwen, ier se Fruuchten droen!!!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü