Hauptmenü
Grande Duchesse an Ierfgroussherzogin ginn op Propaganda Tour,
se besichen ee Kannerheem.
Do stellt sech de gemenge Bierger nawell ee puer Froen!
Sinn ech elo duercherneen, oder wéi?
Ass Tréis eng; bzw. eis Grande Duchesse?
Jo, kloer, Si ass mam Grand Duc bestuet,
awer ass engem Dokter seng Fra och Doktesch?
An d’ Fanni, ass hat elo well Ierfgroussherzogin?
Krët Jschëft, entweder sinn ons Journalisten schlecht geschoult,
oder hei am Ländchen ginn déi op den Träpplek gesat,
déi am Fong net op dee selwechten gehéieren...
Ma bon, dat ass jo gewosst, dass hei villes duercherneen gehäit gëtt.
Am Kannerheem woren also déi 2 Dammen, hei elei,
och Jakobs huet houfreg d’ Hänn geriwwen, wat ee Furri,
wann een do un d’ Stëmmen denkt!
Dobäi sollten déi 3 Dammen am “2 Pièce” léiwer mol kritesch
d’ Kannerheem’ er hannerfroen, amplaz schäinhelleg mat Blimmercher
am Aarm an d’ Kamera ze grinsen!
Ee Kannerheem haut “Foyer” genannt, ass eng Struktur,
wou Kanner a Gruppen vun ongeféier 10 Kanner zesummen liewen.
Geleet ginn dës Gruppen vun Éducatricë gradué(e) an diplomé(e),
déi d’ Verhalen akribesch vun de Kanner an ee Buch opschreiwen.
Dee Bericht gëtt dann a Reuniounen mat der Directrice duerch geschwat,
wou och meeschtens eng Psychologin uwiesend ass.
Sou kritt een dat mat, sou ass et och, awer STOP!
Ech hunn iwwer 10 Joer intensiv hanner Foyer’ s Maueren gekuckt,
an krut méi mat, wéi hinne léif wor!
d’ Kanner, aus wéi engem Grond se och ëmmer an déi Infrastrukturen
era kommen, ginn absolut NET op’ t Liewen dobaussen virbereet!
Éducatricen, Psychologen an och Direktioun féieren zwar akribesch
d’ Buch, awer do gëtt méi Aarbecht dra gesat,
wéi op d’ Virbereeden vum d’ Liewen dobaussen!
WOU w.e.g. sinn d’ Statistiken vun deene Kanner,
déi an engem Foyer grouss ginn?
Marie-
ze presentéieren, interesséier Dech emol léiwer,
wat aus deene Kanner gëtt, wou se herno stinn,
wann se op den eegene Been musse stoen!
Oder ass dat net däin Job?
Awer wat intresséiert Dech de Suivi vun der Entwécklung
vun deene Kanner!
Och géif dës Statistik séier ënner’ t de Regierung’ s Teppech gekiert,
well et ass een Aarmut’ s Zertifikat vun enger desolat’ er Aarbecht!
Ech hu meng Statistik aus menger Experienz selwer opgesat,
an déi ass fatal!
85 bis 90 % vun deene Kanner, déi vun Educatricen an Psychologen
“erzunn” ginn, hu selwer mat 18 Joer Kanner,
hu keng Léier ofgeschloss, hunn hir’ t Liewen guer net am Grëff!
Vill vun hinnen drénken vill ze vill, hu Problemer
sech an der Gesellschaft ze integréieren.
Sou eppes mécht mech Fuerz queesch, well absolut net op’ t
Mëssstänn higewise gëtt, an eppes propagéiert gëtt,
wat net der Realitéit entsprécht!
Awer och dat ass jo usus am Ländchen, ëmmer nees schéin
an d’ Kamera laachen, awer d’ Aen virun
der Wierklechkeet verschléissen!
Wat wëssen den Haff an och d’ Minister vun deene Kanner?
Si selwer ziichten Zombien, déi ee Liewen laang ofhängeg sinn,
vu staatlechen Institutiounen, au moins sinn esou Éducatricen
an Assistantë Sociale net op der ADEM ageschriwwen,
dofir kann een jo schonn puer Affer bréngen...
Et sinn awer ons Kanner, a se ginn zu Affer degradéiert,
well se eben an engem Foyer liewen!