Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Polit Theater

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 26/10/2012 22:07:23

Europa rëselt ewell de Kapp iwwer’ t Lëtzebuerger, déi nawell guer net sou eescht geholl ginn, wéi ons Politiker et gären duerstellen!
Yves Mersch a keen Enn...
Wien huet déi Komedie dann an' t Rulle bruecht?
Den Euro Gruppechef; mat 2. Task;  Premier vu Lëtzebuerg!!
Wat déi Hären ons am Ausland blaméieren, geet op keng Kouhaut!!!
An dann Reding, mat der topescher Fraenquot, wat soll dat...!
Wéi wier et mol mat enger IQ Quot??
Kompetenz huet näischt mat de Genitalien ze dinn!
Fraleit sou wéi d’ Männer och, kënnen , oder sinn meeschtens keeflech, soubal se an der Liga mat Schach spillen, de Bauer muss d’ Ouverture maachen, de Kinnik an Dame gi beschützt!
Leider gëtt et am Liewen keng Rochade, awer d’ Baueren, also de Peubel ginn ; wéi beim Schach; als éischt geaffert!
Dësen Däiwelskrees ze duerchbriechen ass quasi onméiglech, well d’ Office all Kritiker ënnergebottert ginn, an och de Lëtzebuerger eng Mentalitéit huet, ze soen: “Soulaang et mir gutt geet...”
Kloer, op Puff ze liewen ass wonnerbar, soulaang déi Firma, wou ee schafft, net Faillitë erkläert...
Dann huet d’ Bank, also nees d’ Hären d’ Hand iwwer’ t der Häip, an Liewen mat der rosa rouder Lunette ass séier eriwwer!

Wann ech dann onsem Thinnes nolauschteren, deen sech immens schnell  un d’ Liewen als Deputéierten; ergoe deen arroganten Touch; ugeholl huet, blaséiert op RTL an de Mikro schwätzt:
„Ech hunn d' Hoffnung.... dass mäin Rôle... eppes bei Hyosung ze retten, obwuel ech net grouss Hoffnung hunn... wann ech awer kucken wat am Ausland lass ass, ass d' Hoffnung net grouss, awer ech maachen wat ech kann, dat ass evident..."
WAT END DOMM RIED!!
Ze guer ech, benotzen net an engem Saz 3 x dat selwecht Wuert, ausser et wier mir schäissegal, well d’ Affaire souwéi sou gelaf ass...!

Wou sinn ons Wiertschaft’ s Experten, hunn déi dat net komme gesinn, wat schaffen déi, schaffen déi iwwerhaapt vir ons, oder just intern vir sech?
Wat gëtt hannert den zouen Dieren gemauschelt, wou dach genee gewosst ass, dass gemauschelt gëtt...!
DAT ASS EVIDENT!!!
De Frieden rifft mol kuerz Samschdeg moies an de Qatar un, dass deen Dexia soll iwwerhuelen, well déi de Weekend net “iwwerliewe” géif, den Halsdorf rifft mol kuerz bei den Spuerkeess Direkter un, an freet, wéi et mam Prêt vum Rollinger leeft...
An deen erënnert sech am Dram konkret un all Wuert a schreift et an Trance néier...!!
Kréien déi vläit alleguer ze vill Boxemännercher??
Nee, bei ons leeft alles ganz korrekt, wëllen se ons wäismaachen, awer et fält sou lues deem Dommsten op!
Se sollten Lëtzebuerg iwwerdecken, an een groussenTheater doraus maachen, Acteuren hu mir genuch!

Zeréck zum Mersch, well et d’ Polemik vum Mount ass, eng international Blamage,
Wor dee Vote net och vläit eng Retourkutsch, nom Euro Gruppen Chef senger Fuerderung, dass hien JUST säin Mandat verlänger géif, wann d' Yvette, Pardon den Yves Mersch dee Posten kritt!
Wor dat net ze vill arrogant, ëmmerhin ass déi Fuerderung a sämtlech international Press kurséiert, hunn sech der do ee puer gerächt, wollten der do ee puer wëssen, ob den Euro Gruppe Chef säin Wuert hält...?
Obwuel, mir wëssen jo wat dem Claudie National säin Wuert wäert ass!
Nee, lo iwwerleet guer net, do hëlleft och kee Kommunikatioun’ s Präis, an och soss déi sëllechen Uerden;  déi him; wann hien se all droen géif; de Réck géife briechen!!
De Claudie, den Knutscher vun der EU, deen, deen sou gären hätschelt, tätschelt, schnuebelt a knuddelt,
setzt den Euro Gruppe Chef  elo dem Conseil Haren op, schmiert en hinnen Hunneg ronderëm d’ Maul, oder knutscht hien se sou laang, dass se aus Panik de Vote revidéieren...?
De Frieden ass jo gudder Deng, de Mersch ziddert, an iwwerleet, dass hien keng Häip um Eeche Bierg; nach eng Platz an der EZB kritt... sollt de Mersch emol esou Zukunft’ s Angscht spieren, wéi d’ Baueren och!

Dat wier mol ee Remis!!! Wat eng faul Komedie!!! Schach Matt!!!



Bookmark and Share

Dännewald am Dännebësch

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 9/10/2012 22:00:31

Diplomatesch Euro Kris

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 11/9/2012 22:49:13

EU Finanz Minister?

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 30/7/2012 23:04:10

EU wou ass d' Enn?

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 24/7/2012 22:13:13

Euro Gruppe Chef... awer just wann...

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 30/6/2012 21:12:40

Zukunft' s Visiounen

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 20/3/2012 15:46:19
Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü