Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Ech fuerderen direkt Demissioun!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 19/4/2013 00:13:38

Ech hunn et gewosst; heemlech gewosst; lo huet de Maître Vogel

et schwaarz op wäiss der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach!

De Juncker an de Frieden goufen am Joer 2006 vum SREL informéiert,

dass Gladio; also Stay Behind; ergoe d’ NATO hannert

Attentat’ en vun 1984 bis 1986 stécht!

Och de Santer wollt vu näischt gewosst hunn, dat gëtt et just

a Lëtzebuerg, an anere Länner géif eng direkt Demissioun

vum Posten gefuerdert!

Mir soll elo och keen verzielen, dass och déi aner Minister

näischt wossten, wien gleeft deenen nach eppes!

d’ Enquête Kommissioun sollt sech nawell och bedeckt halen,

well och déi woren au Courant!

Firwat ech dat behaapten?

Well déi Dammen an Hären sech jo net mam Peubel ophalen,

sech a gewësse Kreeser zesummen treffen; wou mënschlech gesinn;

och mol ee gedronk gëtt.

Sou konnt dës Bomme Nouvelle verbreet gi sinn, wat jo vëlleg

legitim a human ass.

Ergoe, halt op mat Ären Ligen, et geet elo duer!!!

Sou eng Manipulatioun vun Zeien hunn ech vir Lescht an der Affär

Dutroux erlieft, och do sinn 28 Zeien op mysteriéis Art a Weis

verstuerwen, den Dutroux wor an deem Sënn ee “klenge” Fësch,

wou ronderëm hien ee Netzwierk vun “Déck Päns” gestach huet,

an nach stécht!!

Och de Bommeleeër Prozess grenzt u Perversioun, well et ass

finalement de Steierzueler, deen dëse Recht’ s Sträit berappe muss;

an dat just; well onse Premier, d’ Minister, an den Éire Premier,

ergoe déi, déi ons regéieren, déi ons Press ënnert der Hand hunn;

keng Jicken hunn; zou ze ginn; dass Si selwer mat involvéiert woren!

Op passiv oder aktiv, steet mol net zur Debatte, eleng de Fakt,

dass SI alleguer au Courant woren, schléit dem Faass de Buedem eraus!

Den “normale” Bierger wier eleng duerch déi Tatsaach ze Schraasseg,

well een eng Stofdot NET gemellt huet; par Konter; ons Regierung,

déi monter weider intrigéiert, a keng Schimm huet,

de Bierger a Wieler weider ze beléien, an vehement ze behaapten,

vu näischt eppes gewosst ze hunn!!!

Och onsen Haff fiert léiwer op Éisterräich, a léisst sech do feieren,

sou Biller sollen de Lëtzebuerger wuel berouegen,

mech reegt dat éischter op!

Gala Diner mam Lea Linster, dekadent Friess Orgien,

vir sech ze profiléieren, schick Garde Robe,

awer Caritas kënnt bei de “normale” Bierger Geld ophiewen,

vir Aarme Buttek’ er ze finanzéieren!

Oflenken, a waarde wat geschitt, wa keen sech opreegt, gi mir weider,

dat ass de Motto, sou fueren se mat ons Schlitt,

an dat net nëmmen ze Lëtzebuerg!!!

Dass een do nawell rose gëtt, ass OCH mënschlech!!

Et dauert net méi sou laang, da platzt muencher engem de Colli,

an ons Politiker sollten sech laang net all ze sécher sinn; dass mir;

de Peubel weider wéi Lemmingen agéieren!

Zuel vun de Kritiker um Regime expandéiert,

dat kann och kee Juncker méi schéin schwätzen,

oder lamentabel of servéieren!




Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü