Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Schueberfouer

Herausgegeben von Sonja Thorn in Life Style · 12/8/2012 23:18:56

Schueberfouer fänkt gläich un, an d' Leit sprangen all aus dem Haischen!
Et dierf ee guer näischt Negatives soen, well dann direkt d' Leit op ee klappen!
"Brot und Spiele"
All Mënsch ass op der Schueberfouer vertrueden, ee Must, vir de Lëtzebuerger, deen eppes op sech hält, an et duerno direkt @ Facebook post, wéi gäil deen Owend dach wor...

Brav fuere mir all mat de Navetten dohinner, well Jempie’ en  scho prett stinn, vir Protokoller ze schreiwen, dat gëtt jo och Mënz an d’ Staatskeess!
Awer, sollt een net emol Schueberfouer Boykott’ éieren, sou wéi Politiker ons Meenungsfräiheet an ons "liberal" Aart ze liewen, Boykott’ éieren??
Eih, wat erlaben ech mir elei, elo wäerten der vill géint mech fachen!
Sollte mir net mol bedenken, dass mir ëmmer nees mat “Brot und Spiele” ofgelenkt ginn, dass Schueberfouer stänneg als grouss Bühn vir divers Politiker genotzt gëtt, sech populär an “no beim Vollek” ze weisen, dat bréngt Stëmmen a vill Sympathië... déi Sympathië, déi se sou néideg hunn, no all deene Skandaler; nee “Saachen”; déi onst Ländchen dës Lëscht huet missen erliewen...

Hei een Dram, dee wuel eng Utopie wäert bleiwen:
“De Lëtzebuerger boykott’ éiert Schueberfouer, kloer wieren vill Auslänner do, well d’ Schueberfouer jo als Lëtzebuerger Traditioun bekannt ass, et ass mol ee Wénk vum Vollek, wat d’ Flemm huet, dass se den Index sträichen, dass eng Reform, déi aner jot, déi ons d’ Vollek betrëfft, an ee sensibelen Ugrëff op eise Porte Monnie ass, eng Traditioun briechen, vir ons Onzefriddenheet kloer ze stellen!”

Sécher wier dëst ee Minus Geschäft, vir all déi auslännesch Forain’ en, déi et sech da vläit iwwerleeë géifen, a Lëtzebuerg NET méi als Gold Grouf géife gesinn, wou mir dach bekannt sinn, dass et ons am Ländchen am Beschte geet, vis à vis allen Europäesche Länner...?!

d’ Atmosphère emol kloer stellen, dass mir grad sou gebäidelt ginn, wéi d’ Preisen, d’ Fransousen an d’ Griichen; kloer stellen; dass JUST onse Premier onst Land an Awunner duer stellt, wéi hien sech selwer gëtt, arrogant, a besser wësserech...mat genuch Fric, vir ze téinen!!!

An dat weisen mir och op der Fouer, schäiss egal, wéi vill honnert €uro mir do hänke loossen, d’ ass Traditioun, dass Larri Farri an Halli Galli, an dat loosse mir ons gewass vun sou enger “Kritescher Denkerin” huelen!!

Mir friessen, wat ons dohinner gehäit gëtt, hunn onsen eegene Geescht komplett ausgeschalt, dass mat all deenen Traditiounen, déi ons denke loossen, nationalistesch ze agéieren, déi laang dozou geduecht sinn, ons weider ze manipuléieren,  ons vun deem of ze lenken, wat op ons duer kënnt!

Dat wäerten mir wuel no der Rentrée gesinn, nodeems d’ Regierung sech Kamera frëndlech op der Schueberfouer a Pose gestallt huet, huet d’ office de Lëtzebuerger nees alles vergiess, wat onst Land an de Ruin dréift...



Bookmark and Share

Olympia 2012...

Herausgegeben von Sonja Thorn in Life Style · 29/7/2012 00:19:23

Sport a Politik

Herausgegeben von Sonja Thorn in Life Style · 30/4/2012 23:40:41

Titanic

Herausgegeben von Sonja Thorn in Life Style · 15/4/2012 23:08:29
Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü