Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Polemik iwwer den ADR

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 6/2/2013 00:34:10

Eis Medien bréngen et ëmmer nees fäerdeg, Tatsaachen ze verdréinen

an domatter een Hype aus ze léisen, wou Spectateuren drop sprangen,

ouni hir’ t eegen’ t Gehir an ze schalten...!

Ech wëll elo net behaapten, dass och ons Medien kaaft sinn, ëmmerhin hu

mir ee Juncker, a kee Berlusconi, awer et fält dach op, dass verschidden

Sujet’ en komplett aus dem Konsens gerass ginn!

Sou och am Exempel ADR an Mandat’en,

déi vehement zeréck gefuerdert ginn!

Do gëtt elo iwwer den Jang Colombera hir gezunn, nodeems hien verbal

vu senger eegener Partei diffaméiert gouf!

Säin Mandat gëtt zeréck gefuerdert, an do si wuel all Mëttel "Recht"!

Dobäi sollt ee net vergiessen, dass den J. Colombera een Dokter ass,

deen de Leit hëlleft, och een Hippokrateschen Eed geleescht huet, een

Eed, deen och mat der Ethik an Respekt virum Mënsch gläich gestallt

ass, an deen een als Dokter respektéiert!

De Jang Colombera ass ee ganz gudden Dokter, en plus ass hien

sympathesch, hëllefsbereet a guer net ofgehuewen.

All déi Leit, déi iwwer hien hir zéien,

sollten hien mol perséinlech kenne léieren!

Déi Diskussiounen iwwer’ t den ADR, den opge”Bausch”ten  deen sech

virun der Kamera bal sou wuel spiert, wéi den Thein Joe, lamentéiert;

dass et vir Si, also déi hannert den Oueren “Gréng” sinn; eng

Onméiglechkeet wier, ee mat engem Mandat vun enger anerer Partei op

ze huelen... zemools vum ADR...

schéngt et do tëscht den Zeilen eraus ze héieren!

Oh, wat eng Bomme Nouvelle, jo wann ee soss net duerchgräifen kann,

zitt een all Handgranat, déi ee fënnt,

Haaptsaach dass een an de Medien!!

Et ass de Fakt, dass elo op emol den ADR, bzw. de Mehlen, den Engelen,

hir Ligen mussen zeréck huelen, dass hannert dem J. Colombera sengem

Réck deck Frechheeten verbreet goufen, déi natierlech vun der ganzer

Partei dementéiert goufen, OCH an diversen Interview’ en

oder an hiren Communiqué’ en!

Lo beréit sech den Engelen mat senger Partei, well hien laanscht eng

Entschëllegung wuel net méi laanscht kënnt!

Och gouf Karin Lucas als Ligenesch dohinner gestallt, well hat als

eenzegt bei der Wourecht bliwwen ass, an déi Attacken géint de J.

Colombera confirméiert huet, an duerno och demissionéiert huet!

De Péitenger Thein J. huet och déck vun engem Komplott

“Colombera-Lucas” getéint,gepost an geschriwwen, dass hien bekannt

ass mat der Dier an’ t Haus ze falen ass jo gewosst!

Dobäi sollt hien sech mol mat senger eegener bronger Nues huelen,

well mat Komplott kennt deen sech jo beschtens aus!

An elo?

Den opge”Bausch”ten  proklaméiert, dass Si dem J. Colombera seng Ufro

net respektéieren, soulaang hien säin Mandat vum ADR hätt?

Dat stellt de Fait an ee komplett falsch’ t Liicht, well et an de Medien

sou riwwer kënnt, wéi wann de Jean C. lo all Klensch drécke géif,

vir iergendwou ënner ze kommen.

Ech stelle mir d’ Fro, ob den opge”Bausch”ten  an den Gyberien net vläit

Kollege sinn, an do eng Hand déi aner wäscht, sou si se béid propper, an

de Colombera gëtt an ee Liicht gestallt, wéi wann hien elo mat sengem

Mandat  hauséiere muss!

NEE, et sollt een och kritesch hannerfroen, awer dat ass jo de Manktum

am Ländchen, hei gëtt näischt hannerfrot, hei gëtt drop lass gefuer,

ganz nom Motto vum ADR, egal a wéi eng Richtung d’ Kar hiféiert!

Den ADR probéiert natierlech alles, vir déi 2 Mandat’ er zeréck ze

kréien, well ouni déi, geet 2014 d’ Luucht aus!

Dem Kartheiser säin Pro vun den Doudelueden virun der Chamber woren

symbolesch och den Dout vun der Partei!

De Mandat gehéiert awer dem Politiker, soss bräicht sech jo keen

opstellen ze loossen, an et schwäerzt een de Punkt, ergoe d’ Partei!

De Bierger huet d’ Méiglechkeet ze panachéieren, a vu verschiddene

Parteien seng Favoritten ze stëmmen!


Voilà, domatter ass dat Gesouers vum ADR eriwwer, an ech mengen och

net, dass de J. Colombera nogëtt, a sech weider diffaméiere léisst!

Do kann de Mehlen nach esou d’ Zänn weisen, ech waarden op deen

nächsten internen Eklat, wann et der Partei mol bewosst gëtt, wat se

sech selwer ugedoen hunn!

Eng Oppositioun, déi nawell laang de Bass gehalen huet, begrueft sech

selwer, well se d’ Leit aus hiren eegene Reien eraus gëeekelt hunn, déi

laang Joer Member woren!

Sou kann een der Regierung och d’ Kamellen geheien,

déi brauchen sech mol net ze bécken!

Gutt dass grad Fuesent ass...!!

Den ADR hechelt um leschten Otemzuch; den Jean Colombera par

konter; ass voll present!

Kloer, dass dat dem ADR net gefält, ma dat hätten se sech wuel missen

éischter iwwerleeën!

De Gast Gyberien huet keng Handbrems gezunn, wéi d’ Partei ferm no

riets gezunn huet; tjo; lo läit Kar am brongen Dreck... de Jang fiert mat

sengem Won laanscht a brauch mol keen 112 ze ruffen, well de

Kartheiser puer Doudelueden vun der Chamber vir säin Support

geschenkt krut!

PS: Ech hunn den ADR ni gewielt, awer als Oppositioun géint d’ Regierung

woren; Betounung läit op woren; se mir net onsympathesch!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü