Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

d' Ried vum Heng

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 29/12/2012 22:47:58

De Jang setzt wéi all Joer als Wachsfigur virun sengem Télé Prompter,
a schwätzt ons d‘ Kris schéin!
Dobäi weess hien net, wat dat Wuert bedeit!
Den Haff gëtt jo gutt vun ons all gesponsort, a brauch keen Cent Buttek vu bannen ze kucken, ausser den Heng a seng kubanesch Madämmchen  wëlle sech nees profiléieren!

Wat mir bei all deene Rieden opfält; ass; dass onsen Heng de Nassau sech all Joer an engem Kostüme presentéiert, wéi wann hien de Premier vum Land duerstelle géif!?
Ass den Heng soss offiziell ze gesinn, huet hien seng Uniform, seng Uerden a säin gëllene Schwäert!
Wat presentéiert hien dann elo?
Als Monarch sollt hien sech ergoe OCH als solchen offiziell presentéieren, an net mat engem Kostüme!!
Am Hannergrond den EU Fändel? Huet eng Monarchie dësen ze presentéieren?

Nee, ech denken net, hien soll onse Monarch duerstellen, kënnt wéi gesot awer eriwwer, wéi ee Staatsminister?!
Awer ons domme Lëtzebuerger fält dat guer net op, a mir lauschteren just gespaant no, wat den Télé Promter dem Jang vir weist!

Dëst ass mol eng allgemeng Feststellung!

Zu senger Ried:

Nawell vill schwätzt hien iwwer sech selwer, ergoe, iwwert den Haff, Houfert héi an Houfert do, Bestiednes hei an och do…
Wat intresséiert ons dat, ëmmerhin woren mir net alleguer an der Staat, an deene meeschten ass dës „fulminant“ Hochzäit zimlech egal gewiescht!
Lo steet nees eng Hochzäit un, de Felix ass un der Rei…
ASS dat wichteg?

Dass d‘ Betriber een nom aneren zoumaachen, gëtt just um Rand ernimmt!
Ech hunn gutt gelaacht bei dëser Usproch, et geet vun Éierlechkeet Rieds, wat gelift?
Dat ass jo eng Bomme Neiegkeet!

Dass den Ierfgroussherzog d‘ Fangere mat am Spill hat, wat dee faulen Deal mat de Qatari betrëfft, egal, mir haten onse Spaass mat deenen, an elo kennen déi all ons intern Geschäfts Mesuren, a mir kafen hinnen Aktien einfach erëm of…!
Hahahaaaa, et gëtt schéin geschwat, a mir gleewen et!
Keen weess genee, wéi een enorme Schued ugeriicht gouf, dass elo Qatari intern Donnéeë  vun der Cargolux besëtzen, dat nennt een dann legal Industrie Spionage!!
An dat uni eng Auer, oder soss Mesuren vum SREL!

Sou domm ass de Lëtzebuerger, nee, net de Bierger, ma déi;  déi ons;  op Kostüme oder Uniform regéieren!

De Jang a seng Grande Duchesse huet just Aen vir seng Hochzäiten, déi ee positiven Eco op Lëtzebuerg geworf hunn!

Ech hat bei der feudaler Hochzäit keen Afferstack gesinn, deen duerch d‘ Reien gewandert ass, wéi dat soss Usus ass!
Afferstack, kloer, Affer bedeit eppes afferen; nee;  dat kann een vun den Adelegen wuel net erwaarden! Déi afferen net, déi klasséieren!
An ee Kasséier Stack ass nu mol net virgesinn an enger Kierch, dat ass gesetzlech fondéiert, well och ons Kierchefabriken gesetzlech ofgeséchert sinn, dass de Bierger se steier méisseg ënnerstëtzt, op hien wëll oder net!

Egozentesch ass seng Ried, schäiss op „Léif Matbierger“
“…. Spuer Moossnamen sinn eng Erausfuerderung, an ech denken un all Familljen, déi ëmmer méi schlecht iwwert d‘ Ronne kommen…“

…seet deen Monarch, deen Milliarden um private Compte huet, an sech bezuelen léisst, wéi deen gréissten Zuhälter vum Ländchen!

Eih, dat ass béis, ech sinn gehässeg, awer Fakt ass Fakt!

“…d‘ Kris ass eng Chance vir Verännerungen a Reformen…ma d‘ Kris ass wat se ass“

„…Raisonnabel an reduzéiert mat der Kris ëm ze goen…“

Raisonnabel sinn seng Attituden wuel kaum, soss géif hien emol bei sech selwer ufänken ze spueren!

Dat wier awer och ze vill verlaangt!

Well onse Grand Duc, ass onse Grand Duc,
deen mir liewen héich, onsen Atribut!
Mir wénken mam Fändel alleguer,
ons Identitéit hu mir laang verluer!
VIVE, VIVE, mir sinn Patriot,
op Lëtzebuergesch een Idiot!


Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü