Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

1. 2. 3. Staatsbudget

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 6/11/2012 22:44:54

Hei elei, de Wolter gesäit de Budget elo op der richteger Trajectoire?
Wat krut deen dann vir eng Pëll :/
Méi gerecht verdeelt... vir ween?

Ech géif mol gären wëssen, wéi vill Milliarden onse Staat an deene leschten 10 Joer ausginn huet,
just vir Étuden ze eraarbechten, Projet‘ en vun Architekte Büro‘ en ausschaffen ze loossen!

Beispill Tram; do kann sech d’ Vollek nach sou opreegen, dee Projet gëtt realiséiert; firwat; well op Lëtzebuerg Milliarden deier Kloen duerkommen géifen, well den Deal mat deene Lobbyisten laang ënnerschriwwen ass, an dat wier dach emol nees ee richtegen Skandal, a géif den Dossier Bommeleeër op’ t 2 Platz setzen...!

Goufen mir, d’ Bierger jeemools zu deem Projet befrot?

Beispill Nordstrooss, ee Feeler Plang vun Ufank un, dofir wäerten se och esou träntelen, mëttlerweil hunn ons Hären et wuel gemierkt; awer et zouginn; der Däiwel net!
Wann de ganzen Traffic vum Norden, um Kierchbierg mat deenen aneren zesummen trëfft, ass de komplette Kollaps viraus gesot, wou elo schonn Chaos um Kierchbierg herrscht, deen jo awer als 2. Haapt Staat ausgebaut soll ginn, elo passt déi Nordstrooss net méi an hire Planing, d’ huet jo och just puer Milliarden kascht...

Et ginn genuch Exempel, wéi Milliarden vu Steiergelder verpolvert ginn, obwuel ons Polver Lidl nawell mega houfreg ass, dass Si an hir Partei deemools Demande vir UNO agereecht huet, den Äeselbuer mat roude Baken iwwerglécklech an d’ Kamera gestrahlt huet, bréngt ons dëse Posten näischt... ausser mega vill Fraisen!
Natierlech awer een Denkmal an de Geschichtsbicher vir Polvesch Lidl...!

d’ Haaptsaach mir sinn dobäi, vir bäi mat der Schnëss, awer hannebäi, dem eegenen Vollek ze déngen!

Dem Bierger déngen; au Contraire; mir déngen hinnen, a ginn nawell vum Premier bei der Iwwerreechung vun sengem BELA Award Präis 2012 als Liewensonlëschteg Lëtzebuerger titeléirt ;déi; net houfreg genuch sinn, während Asiaten bzw. Afrikaner net géifen ophalen; Europa; also de Juncker ze luewen....

http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20121029/81/2980101

Also Vollek, mir sollten ons awer och schummen!!!!

De Juncker kritt Flemm, wann en aus dem Fliger klëmmt, well hien dann nees an deem Land vun onzefriddenem Bierger, deenen ondankbaren Land’ s Leit ëmginn ass, déi seng Aarbecht guer net wierdegen....!!!

Schumme sollten mir ons, ALLEGUER!!!

Ons Minister dogéint, déi schummen sech net, wnn se nach virun engem Mount déck géingt de Budget 2013 gewiedert hunn, , sinn se ee Mount drop, also no Allerhellgen, Feier a Flam...

Wat seet ons dat?

Onse Bëschof bewierkt Wonner??

Nee, dat wëllen se ons vläit denken loossen, mir ginn éischter vun de Lobbyisten, wéi vun de Minister regéiert, wat déi décidéieren, gëtt an der Chamber duerch geboxt, “koste es, was es wolle”

Soulaang mir keng strikt Trennung vu Politik an Wirtschaft hunn, kommen mir aus deem Dilemma net méi eraus, do hëlleft och keng Dissoziation vun Kierch a Staat...!!!

d' Lobbyisten regéieren ons, an d’ Politiker halen d’ Hand op, steieren ons, beléien ons, et wier un ons, emol waakreg ze ginn!

De Witz vun der Diskussioun wor de Spautz, deen ee Secret dorauser maache wëll, wéi dann elo d’ Minister an Deputéiert wëllen zu de Spuer Mesuren bäidroen...

Éischt erhéijen se sech hire Revenue, a ginn dann fräiwëlleg hiren 13. Mount op, vir duerno den 13. Mount komplett ze liquidéieren, mam Argument: “Also mir sinn dach selwer mam gudde Beispill vir gaangen”

!! MIR BRAUCHEN ENG TRENNUNG VU STAAT A WIRTSCHAFT !!

Awer do sinn ons Minister an der Bredouille, se kommen do selwer net méi eraus, setzen ze déif am Morast, a géifen Haff an Haus verléieren, wann Lobbyisten bis auspaken géifen!!






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü