Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Gemeng Mamer a Beschoss?

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 11/6/2012 21:38:06

Soll sech d' Politik net wonneren dass déi Riets ëmmer méi Uklang fannen!
Dass de Bierger onzefridden gëtt, ass ze verstoen, och awer muss een d' Leit verstoen, déi hei Asyl froen!
Awer dorëms geet et guer net, wann ech Commentairen bei RTL sou liesen, geet mir d' Héngerhaut aus, well ech gesinn, wéi exxessiv d' Leit géinteneen ginn!
A genee do sinn mir beim Punkt!
Ass déi Onrou vun de Politker net gewollt?
Gëtt de Rietsradikalismus vun der Politik net gepusht?
Virwat kommen ëmmer sou Schlagzeilen, wann eppes aneschtes an Europa lass ass, elo zb. Spuenien!
Dass mir ons all net iwwer déi 100 Milliarden opreegen, déi elo an déi spuenesch Banken gepompelt ginn, wou sech Manager an Direkteren nawell un ominéisen Hadge Fong' s bedeelegen, hannerfroen mir éischter 32 Asylanten, wéi 100 Milliarden!!!!
Mierkt Dir dann net, dass mir just mat sou "Headlines" manipuléiert ginn??
Dat wor dach laang decidéiert dass déi Asylanten a Mamer aquartéiert ginn, elo wor eben dee richtege Moment et ze publizéieren!
A mir sprangen all drop, wéi déi Wëll, a wëllen ons wieren, dass mir Lëtzebuerger och nach present sinn, a no villen Aussoen manner Rechter hunn, wéi d' Asylanten!
An d' Hären hunn nees hir Fiedem esou gezunn, dass keen sech iwwert déi 100 Milliarden opreegt, déi elo déi spuenesch Banken d’ Milliarden an den Aa... gepompelt kréien!!!

Voilà, doriwwer sollten mir emol nodenken, aplaz ons elei ze bekrichen, sollten mir net mol géint déi goen, déi ons reell an d' Faillitte gehéien, oder gräifen mir ons léiwer géigesäiteg un, well mir esou, wéi blann Schof, gedriwwe ginn?!

Et sinn net Asylanten, et ass de Staat, deen ons manipuléiert, deen ons Suen klaut, deen ouni ze froen Gesetzer stëmmt, wou KEEN vun ons "JO" gestëmmt huet!
Et ass och de Staat, deen korumpéiert, net ee “sabblechen” Asylant, deen frou ass, dass hien säin Liewen huet!
Wien sinn dann Drecksäk?
Den Asylant oder de korrupte Politiker, deen ons genee op déi Schinn lenkt, dass mir all zu Rassisten mutéieren?!


Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü