Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Centre Hamilius...

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 28/8/2012 00:38:36

Nee, wéi schéin, de Centre Hamilius; op Lëtzebuergesch; den Hammel Center!
Schonns huet sech eng Bau Firma zeréck gezunn, de Grond wësse mir net, dee gëtt ons och net gesot! VIR WAT OCH!!!!
Awer d’ Haaptsaach, elo geet et lass, schonn 2014 sollen déi éischt Commerce fäerdeg sinn, nee, wat huet de Bierger awer och doropper gewaart...!
Do hëlt de Bierger dann och gären Stau a Kaf, wou d’ Virfreed dach sou enorm ass... bei wiem, beim Promoteur, beim Stat’ er Buergermeeschter...?
An der Stat ass elo schonn keen Duerchkommen méi, de Boulevard Royal ass elo schonn vir gro Hoer ze kréien, d’ Hären nennen dat “Kniet”
Wier hire Knuet sou enk vun der Krawatte gezurrt, wéi elo schonn d’ Kniet um Boulevard Royal; eiheiheih, dann hätte mir just nach Politiker mat roude Käpp!

Och Porte de Hollerich gi mat abegraff, ze guer gëtt schonn un de Projet “Tram” geduecht, näischt gouf vergiess... ausser d’ Geschäftsleit an der Stat... ma déi sinn och net sou wichteg!?
De Masterplang steet, d’ Krawatte och vir den Interview, wéi pompös dat alles wäert ginn!
Vir ween?
d’ Harmonie gëtt dach just bei deene geschaf, déi sech mat deem utopeschem Projet profiléieren kënnen!
Wann een sech architektonesch Struktur vum Centre Hamilius emol ukuckt, denkt een et wier een iergendwou an enger Welt Staat; Pardon; mir sinn dach eng Welt Staat, ëmmerhin huet de Claudie National ons Welt wäit bekannt gemaach, a wou nach Hunneg fléisst, brauch een och Gebai’ er, déi dat representéieren!
Ze guer de Paulchen Würth huet ee Wiertchen mat ze schwätzen, bon de Mittal wor séier fäerdeg mat him, awer elo gehéiert hien erëm zur Liga!
Och soll d’ Gebai vum Heinz van Landevyck, am modernisteschen Stil, erhalen ginn, vir wat dann dat elo, mat der Maison Berbère woren se dach och séier fäerdeg, dat schéin’ t Gebai ass duerch d’ Päif!
Dierf een dat iwwerhaapt nach schreiwen, wou d’ Fëmmen dach elo iwwerall vum Gesondheetsminister verbuede gëtt?
Ech froe mech, wat déi Hären hei an do fëmmen?
Looss ons elo net vum Thema ofkommen, de Centre Hamilius gëtt elo endlech gebaut, och wann N° 49 Blvd Royal sech rebellesch weist... :
”Da baue mir alt ronderëm, domatter hu mir guer kee Problem, mir sinn Master am ronderëm bauen... waart, wann éischt de Projet “Tram” un d’ Lafe kënnt, da gesitt Dir, dass mir sou gutt ronderëm baue kënnen, wéi mir ronderëm de Bräi schwätze kënnen”

Zitat RTL: De Projet „Aciérie-Industrie“ kloer ass: nämlech d' Trennung tëscht Schaffen, Wunnen, Akafen a Kultur ophiewen, fir duerch dës Wunn-Harmonie onnëtz Mobilitéit ze verhënneren.

Kloer; Trennung ass ëmmer gutt, soulaang déi do manifestéiert gëtt, wou se HINNE nëtzlech ass!!!
Schaffe, Wunne, Liewen... wou wat wien dann?

Kulturell geet de Lëtzebuerger an Grenz Gebitt wunnen, well en sech déi extravagant Präisser am eegene Land net leeschte kann, dat nennen ech onnëtz Mobilitéit!!!

AWER, wat bedreiwen ech elei Schwaarzmolerei... wann den Tram bis kënnt... si mir op der gewonnener Säit!??
Och wann bis duer d’ Stater Geschäftsleit bis all Faillitë sinn, schäissegal, mir hunn jo dann genuch “Grande surface”vir ze kucken, awer näischt ze kafen, well mir ons de Sprit soss net méi leeschte kënne, vir an d’ Grenzregioun an äis Heip kënnen ze fueren...

VIVE MEGALOMANIE!!!

Résultat de la Consultation Royal-Hamilius

www.archiduc.lu/blogposts/espace-public/resultat-de-la-consultation-royal-hamilius



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü