Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Éischter 5 no 12

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 4/10/2012 23:47:22

1 Dag no der Presentatioun vum Staatsbudget huet sech eng Initiative
5 vir 12
zu Wuert gemellt, komesch ech hu vun deenen nach näischt héieren, awer den Zoppekinnek Frieden muss déi Hären nawell gutt kennen, well se an den Bureau de la Presse a gelueden hunn!
80 % vun de Lëtzebuerger si bereet, Sacrificen a kaf ze huelen, dass d’ Land sech vun de Scholden erhëllt?!
Nee, wat si mir awer ee genial’ t Vollek, sou devot, sou hëllefsbereet...!
Dobäi steet Lëtzebuerg am Ausverkaf:


Luxguard Aarbechter si bereet, bis zu 30 % vun hirem Loun ze verzichten, Luxguard wëll nawell keng Garantien ginn, dass se net awer an puer Méint zoumaachen...
Glas Industrië am Ländchen, keng Zukunft, dobäi hunn se sech dach gebretzt, dass se bis an Dubai geliwwert hunn...!
Cargolux ass Geschicht, Outsorcing ass ugesot, an elo klappen se all mat de Flilleken, zemools d’ Gewerkschaften…
d’
Arbed kennt an 10 Joer keen méi, dach vläit well se d’ Héichuewen vir Milliounen restauréieren an dëst elo ee Patrimoine gëtt?
Se sollten dee Buttek ofrappen an eng Epicerië sociale amplaz bauen!
100 Joer Feier gouf awer nach déck um Belval gefeiert!!
Dexia ass iwwert de Weekend un de Qatar verhöckert ginn, onsen Zoppekinnek huet keen aneren am Ländchen fonnt, deen urgent de Grupp Dexia iwwerhuele wollt... déi deen Weekend net iwwerlieft hätten??
Hyosung mécht och hir Dieren zou, d’ Koreaner hunn elo d’ Subsiden vum Staat akasséiert, an de Kontrakt ass ofgelaf...
Villeroy et Boch hunn sech och iwwert Grenz gemaach, awer limitéiert Telleren vir Prënzen Hochzäit, déi goufen bestallt!
De
Verband huet décidéiert, sech a Perl nidder ze loossen, well se sech sou méi verbonnen mat der Groussregioun spieren?!
Betriber froen all Kuerzaarbecht un, keen ass méi sécher op senger Schaff, awer mir si bereet, dem Staat ënnert Äerm ze gräifen??

Alles Micki Maus Plooschteren!!!

Ons Politiker par Konter, déi huelen, wat se kréien, 12.000 € de Mount als Deputéierten, dobäi kënnt awer nach hiren “normalen” Revenue, souwéi all déi aner Niewen Akommes, ginn déi och als solches besteiert??
Dat bléift wuel ee sëffege Secret!
Dem Grand Duc säin diskret Privat Verméigen beleeft sech tëscht 1. an 5 Milliarden, den Haff kasséiert awer all Joer 9,20 Milliounen € (Stand 2012)
De Staatsbudget vun 2013 beleeft sech op 14,2 Milliarden €, an dat bei enger Populatioun vun knapp 500.000 Awunner???
Rechent een dee Budget op ee Land, wéi zb. Däitschland mat enger Populatioun vun 80.000.000 Bierger (se vergläichen ons Paien jo och ëmmer mat deenen hannert der Musel), géif d’ Scholden Auer ze Frankfurt awer deconéieren!
De Wuere Kuerf soll och elo adaptéiert ginn, den Index kënne mir no 2014 komplett begruewen, Accisen ginn erop, Mazout, Benzin, Zigaretten an Alkohol, kloer, dat sinn alles Luxus Gidder, fëmmen ass net gesond, an d’ Autoen verpeschten d’ Loft an verstoppen d’ Stroossen, sou einfach ass dat!
Par Konter brauchen mir awer méi Terrain, mir brauchen méi Awunner, 2700 Hektar wieren am Bauperimeter, awer Prozeduren schleefen, meckert d’ Handwierker Federatioun.

Ech froen mech elo, wou déi zousätzlech 82.000 Ménagen dann nach wëlle schaffen???


De Roger Leiner & den Lucien Czuga hunn d’ Situatioun erkannt...
© Revue






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü