Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Diplomatesch Euro Kris

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 11/9/2012 22:49:13

De 17. Juli 2012 wor den Ultimatum vun der Présidencë Euro Gruppe Chef Juncker ofgelaf!
Bis dee leschte Moment gouf gemoschtert, éischt wor de Schäuble, duerno de Moscovici en eventuelle Nofolger, duerno wollten sech Däitschland a Frankräich de Posten deelen... een Hick Hack sonner gläichen!
An dunn, wéi eng Erliichtung iwwert dem EU Himmel huet de Juncker sech erbaarmt, obwuel hien géintiwwer der Lëtzebuerger Press betount huet, dass hien sech op nationalem Plang als Premier voll a ganz engagéiere wëll, et wier keng Rieds, dass hien säin Mandat verlängert!
Ze guer de Van Rompuy wor net glécklech iwwer déi Situatioun, deen Tohuwabohu vun de Bierger schonn als lächerlech empfont gouf!

Deen alen Euro Gruppe Chef ass elo dee neien Euro Gruppe Chef, awer wéi net aneschtes ze erwaarden, wor de Mandat vum Juncker mat enger Konditioun verbonnen, dass den Ives Mersch de Posten als EZB Direkter kritt, soss géif den Euro Gruppe Chef säin Apostolat NET verlängeren!!
Zimlech kontrovers gouf dës Fuerderung vum Juncker och am Ausland gesinn!
Nujee, d’ Wolleken woren rëm blo iwwer’ t dem EU Himmel duerno wor vir EU- Politiker “Congéë collectiv” ugesot...

Ech wëll nach dorunner erënneren, dass et beim Posten vun der EZB schonn emol esou een Debakel gouf, wou den Wim Duisenberg matten a senger Amtszäit d’ Läffelen bei Tromm gehäit huet, an no 4 amplaz 8 Joer säin Mandat dem J.C. Trichet ofginn huet!

Bon, dat ass; wéi villes vergiess; a mir kucke no vir, a wou kucke mir hin, op dee nächsten Dilemma...

d’ Fraequote, lo soll aus dem Yves een Yvette ginn!

Lëtzebuerger Politiker fillen sech ongerecht behandelt, muencher sinn der Meenung, dass dës Debatte iwwer Fraequote just elo zum Virschäin kënnt, well mir ee klengt Land sinn, anerer woren der Meenung dass déi Diskussioun iwwer Chancëgläichheet hätt musse virdru lancéiert ginn, an net elo wou ee Kandidat feststeet; deen vum Juncker festgesat gouf!!!!
Och de Lucien Lux huet opgereegt gemengt, et géif ee Baueren Affer gesicht!??

Wéi op emol si mir ee klengt Land, ons Politiker téinen dach awer, dass grad mir ee grousse Pouvoir hunn; Baueren Affer; een zimlech mëssgléckten Ausdrock, wou mir dach op alles histeieren wëllen, awer laang net mat engem Bauer verglach wëlle ginn, deen ouni geschwolle Rieden seet, wou de Bock d’ Lach huet!

Nach keen ass op déi Iddie komm, dass déi Diskussioun vläit eng Resonanz, eng Quittung  ass, well den alen a neien Euro Gruppe Chef sech därmoosse biedelen gelooss huet, an schlussendlech mat senger Fuerderung; dass den Yves Mersch den Direkter Posten vun der EZB kréie misst; sech dach ze wäit aus der Fënster geluecht huet, dass no der Summerpaus vläit puer EU Hären dëst och affrontéiert fonnt hunn, an elo d’ Fraen benotzen, vir no de Fraen Rechter ze plädéieren, an ons Fraleit domatter an ee Liicht stellen, wéi wann mir just mat Quoten; awer net mat Kompetenz; et zu eppes brénge géifen!!!

An elo?

Ass den Yves Mersch dann elo eleng en Affer vun der Chancëgläichheet, oder och de Juncker, deem seng Fuerderung et dach wor, dass OUNI den Yves Mersch als EZB Direkter et keen Euro Gruppe Chef Juncker gëtt...
Bekëmmert sech de Juncker elo dann exklusiv ëm déi Lëtzebuerger Politik, vir seng Rieden keng Ligen ze nennen?
Wien gëtt “en cas de” dann elo Euro Gruppe Chef?
Oder zitt dem Premier säin Habitus nees, dass hien d’ Leit mat speziellen vun him self gefuerderten Konditiounen drangsaléiert, entweder oder....



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü