Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

De neiste Steiercoup

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 18/6/2012 19:50:32

De "Bob der Baumeister" huet geschwat!
Mir baue wéi déi Mëll, alles zoubetonéiert, do sinn Iwwerschwemmunge vir programméiert!
Dat schéngt den Hären awer egal ze sinn, Lëtzebuerg wëll per Force déi 700.000 Bierger, ons Stroosse katzen elo schonn, do rett och keen Tram de Verkéier' s Fiasko!
104 Millioune leet de Pappa Staat bäi, nee wéi kulant, awer huet de Staat do net eng aner Visioun, wéi déi, déi mir verzielt kréien?!
Lo gëtt de Bierger mol duerchliicht, an da kënnt Steieramt akasséieren, wann een een Terrain huet, deen vläit vir seng "Altersversuergung" geplangt wor!
Eng Idiotie ze denken, dass domatter Spekulatioun ophéiert, de klenge Bierger spekuléiert net op een Terrain, bzw. een Haus, well eng Plue Value direkt akasséiert gëtt, hunn d' Hären dat vergiess!??
Also wat soll dat Gesetz, dat sinn, Pardon, Hitler Methoden, wou de Bierger enteegnet soll ginn!
Och kritt de Staat ee Virkafsrecht, so mol, wou liewe mir, ass dat eng Demokratie, oder éischter eng demokratesch Diktatur!!
D’ Petite marquise ze Iechternach ass keen Argument, well mir guer net wëssen, ëm wat et do genee geet, soulaang dee Sträit schonn amgaangen ass, sou vill verschidde Buergermeeschter haten do d’ Hänn am Spill!
Och den Helminger hat Demande Autorisatioun vir den Yves Mersch accordéiert, de Bëttel huet se, wéi ech fannen, aus guddem Grond refuséiert...
Elo mol zu den Autorisatiounen: Dat ass dach och Bauere Politik!
Mir hunn och een Terrain, deen zënter 25 Joer NET am PAG ass, d’ gemeng Gemeng Habscht leet ons do zënter Joere Steng an de Wee, obwuel ronderëm gebaut ass, si mir am "Vulleschutz"
Wann d' gemeng Gemeng ons weider net gutt wëll, bléift dat och esou, ergoe gëtt de PAG à la tête du Client gesprach!
Wann de Bauer, deen vill Feld' er huet, sech gutt steet mat der Gemeng, ass ee PAG kee Problem?!
An ëmgedréint huet een, deen net an der Gemeng wunnt keng Chance an de PAG eran ze kommen!
Wéi wor dat elo mat Vetternwirtschaft a Korruptioun??
Wat hëllefen do Demanden vir ee Reklassement, wann d' Gemeng sech stur stellt?
Sinn mir awer eng 2 Klasse Gesellschaft, ganz nom Motto: "Wann een ee kennt, deen ee kennt..."
Juristesch gesinn, huet de Justiz Minister Biltgen ons "dem Fouss Vollek"  jo genee dëst an der Affaire Léiweng Wickreng erkläert, Chantage a Korruptioun, déi illegal wieren...
Wou bewegen mir ons ergoe bei der Prozedure de PAG?!
Onsen Immo Marché:
Et sti genuch Haiser an der Vente, u wiem läit et dann, dass ee Bierger kee Prêt kritt, eeler Haiser ginn devaloriséiert, do kënnt dann esou ee Banke Fuzzi kucken, ass seet dem Client "Niet"
Vir wat, well och de Promoteur ee Prêt bei enger Bank huet, an dee just geséchert ass, wann seng Neibaute verkaf ginn!!
Sou einfach ass dat...
Och dem Schank ze verdanken, hunn mir dee genialen Energie Pass, wierklech déi beschten Ofzock, säit et Steiere ginn!
Ech hunn een al' t Haischen mat 70 er Maueren, klenge Fënsteren, a cool 20 ° wann et dobaussen richteg waarm ass, nei Haiser mat risege Fënsteren loossen do schonn hir Klimaanlag lafen, well se vun Hëtzt quasi erstécken...
Ech brauch 1000 Liter Mazout an engem Joer, mäin Energie Pass ass "xyz"
Den CO2 Verbrauch an engem Energie Pass gëtt komescherweis esou gerechent:
Den Ueleg, deen ech vir ze hëtze brauch, gëtt vun der Pipeline aus u verechent, obwuel ech guer keng eege Pipeline hunn, wëll soen, de Camion fiert jo net eleng vir meng 1000 Liter Mazout hin an hir...
Eng Farce!
Elo flitt de Schank jo mam Grand Duc op Rio de Janeiro vir um Klima Gipfel mat ze diskutéieren, huelen se, mengt Dir, d' Economy Class?
Eleng wat déi Klima Gipfel kaschten, kéinte ville Kanner an Rio gehollef ginn!!!
2700 Hektar ginn elo bebaut, wéi eng Promoteure bauen dann do, déi eng si Faillitë, déi aner am Clinch mam Staat...
Wat si mir eng Grompere Monarchie!!


Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü