Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

d' Chamber brennt...!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 28/11/2012 00:18:10

d‘ Chamber brennt, mir sinn geschwënn den 1. Advent!
Ënnert dem Beemchen dëst Joer eng kriptéiert Diskette; ee Moment; eng Diskette?
Hat de “Kleeschen” déi iergendwou laang Joer verstoppt, souwäit ech mech erënneren, gehéiert eng Diskette éischter an d’ Zäit vun engem Commodore 64?!
An déi soll net ze entschlësselen sinn?
Solle mir dat elo gleewen, wou mir Lëtzebuerger dach um neiste Stand sinn, an de SREL et ze guer fäerdeg bréngt, dem Premier eng Auer ze iwwerreechen, mat der hien ofgelauschtert gouf...
Mille grazia”, géif de Berlusconi soen...
Och ënnert dem hellege Beemchen, d’ gefuerdert d’ Ausso vum Jean Nassau a sengem Brudder Guillaume, fir am Prozess de Februar als Zeien offiziell op ze trieden.
De Beemchen brennt, d’ Aktualitéit iwwerschléit sech, d’ Oppositioun wëll Kloerheet, absolut Kloerheet...!
Net schlecht, wéi se léien, ouni rout ze ginn!
Et ass dach intern gewosst; den Euro Gruppe Chef, niewe berufflech Lëtzebuerger Premier huet net vir näischt gemengt, dass d’ Still wackele géifen, wann; jo; ...wann alles eraus kéim...?!
De Bausch’e Fränz, den Kommissiounspresident wëll sech; hien weess zwar net vu wiem; net zum Spillball maachen loossen...??? Mir wëllen déi Diskette gesinn, mir hunn es genuch”
Eiheiheiheih... hahaaaaa, Fränz, looss Dir gesot sinn, dass eleng duerch den Ubléck vun der Diskette keng Wourecht opgedeckt gëtt!
Oder awer dach, wee weess, wat d’ Oppositioun ënnert de Beemchen geluecht kritt, dass se kuscht!
De Bausch’ e Fränz ass jo bekannt, dass hien sech gären opbauscht, wéi ee stolze Pfau seng Fiederen weist, vir se duerno dem Manitu Juncker a sengem Kappschmuck ze veréiwegen, a sech plakeg an den Eck ducken geet!
Dir hutt all Är Schimm verluer, Dir mierkt all net, wéi lächerlech Dir Iech maacht, a sidd Iech nawell ze sécher, dass mir, also dat domm’ t onzefridden’ d Vollek Iech nawell integral wielen...
Sollte mir net emol de Be”Schof” ruffen, dass deen d’ Chamber entweiht, all déi schwaarz Geeschter verjot, een Exorzismus an der Chamber!
Ech mengen awer ganz, do géif de Be”schof” selwer zur Kuel verstengeren!
d’ Regierung an engem Dilamma!
Hei, do ass et dach praktesch, dass de Claudie National d’ Griichen an den Euro rette wëll, anstatt hien sech hei am Land mat sou Lapalien erëm schloen muss, wat intresséiert hien ee Mille, hien huet genuch Mille’ en op sengem Kompte, hien ass quelqu’ in, dierf all President, Staatschef, Diktator of knutschen, do ass hien beléift, wat mécht hien bei dësen onzefriddenen Lëtzebuerger, déi hien diffaméieren an kujenéieren, seng Éier blesséieren!
Jop, Eeër huet de Claudie och, frech obligat fiert hien dem Marc Thoma iwwert de Mond...
“Was erlauben sich”
Hien, den Euro Gruppe Chef... ouni deen d’ Yvette; ah nee; den Yves ni an de Verwaltungsrot vun der EZB komm wier, hien den Euro Gruppe Chef, deen sech fléiwen gelooss huet, an elo nawell seng Amtszäit verlängere wëll; hien; de Juncker, deen gezwongen’ er moossen och nach Premier vum Ländchen ass, léisst sech gewass iwwer de Mond fueren, a schonn guer net vun engem kritesche Journalist, deen anscheinend méi “au Courant” ass, wéi de Premier selwer!!

De Beemchen brennt...!
Déi “Affaire” Mille intresséiert dach guer net, deen ass elo bei S”immens”, ech vir mäin Deel kafen näischt méi vun der Marque; nee; net eleng wengs dem Mille, ma S”immens” bréngt et jo anscheinend net fäerdeg vir an Däitschland termingerecht d’ Zich ze liwweren, dass déi sech elo bei den Asiaten ëmkucken...
An schonn sinn mir nees bei der Aktualitéit!
Onse Guillaume, also, deen mam Baart, deen “ultra Sympatheschen” ass nees mam Wiertschaftsminister, och dee mam Bart; awer manner sympathesch; a China ënnerwee....
Do ginn elo nei Strëppen gezunn, dobäi verhuddelen mir ons nach mat de Strëpp vun dem Lakshmi dach am arsch.... an de Qatari, déi elo BIL an KBL an de komplette Ruin dreiwen, en plus all déi sëffeg Secret’en vun der Cargolux benotze kënnen, vir de Standuert Lëtzebuerg nach méi ënner ze botteren…
d‘ Petrol Nomaden, also Qatari, schäissen op de Kioto, an Doha ass de Klimagipfel, wou elo schonn gewosst ass, dass deen zu enger Farce degradéiert, mat sou Leit wollt Lëtzebuerg Geschäfter maachen…
Luxembourg for Finance, elo mat de Chinesen... mir sinn einfach gutt!

Dee Kommuniste Staat, deen d’ Mënscherechter komplett mam Fouss hannebäi rennt, dee Panzer an d’ Arméi rifft, wann eng Demonstratioun sech lancéiert, deen eng Gebuerte Quot agefouert huet, an Millioune neigebuerene’ r  Meedercher ausgesat ginn, mat deene maachen mir elo ee Business, de Schneider an de Guillaume si gudder Deng!!

De Beemchen brennt!!
d’ ARDED’ s Gebai gëtt agemott, a Krisen Zäiten ass kee Geld do, vir dëst historescht Gebai ze ënnerhalen...!!

Lousch, ganz lousch, ass net laang gewosst, dass dëst historesch Gebai beim Rousegäertchen laang verkaf ass...

Dir sidd all Blasphemiker!!!!

Dir wëllt ons biischten, ma passt op, dass Dir 2014 net gebiicht gitt!!

Mir brauchen keng Oppositioun, déi dach keng Quoillen huet, an hir Plommen no der éischter Diskussioun falen léisst!!

Mir brauchen “Kritesch Denker”

Leit, déi sech trauen, hir Meenung ze soen, Leit mat engem staarken Wëllen, eppes ze änneren!

Deen éischte Wee, eppes integral ze änneren ass:
TRENNUNG VU STAAT A KIERCH
TRENNUNG VU STAAT A WIERTSCHAFT!!!

Soulaang mir net vun dësen Dogmen lass kommen, ass Happ a Malz verluer...
De sëffege Secret vu Lëtzebuerg!!






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü