Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Olympia 2012...

Herausgegeben von Sonja Thorn in Life Style · 29/7/2012 00:19:23

Olympia 2012; 40 Joer no München, ass London gewappnet, a bewaffnet, vir dass déi Spiller an d’ Analen vun der Welt Geschicht aginn!
Eleng  den Optakt wor fulminant, 34 Milliounen huet de Spektakel vum Regisseur Danny Boyle kascht.
Suen, déi  Gold-richteg investéiert sinn; heescht et; eleng wat vu Mënz era kënnt, do ass d’ Investitioun laang bezuelt, vun der Reputatioun vir England net ze schwätzen...
Awer, d’ Skandal’ er wäerte net laang op sech waarde loossen; net méi fréi;  wéi dësen Owend wor deen éischte Doping Fall bekannt!!
Egal, d’ Vollek freet sech, a jot de Rekord’ er no, déi sech op den Honnertstel entscheeden!
Mir wëllen e gesinn, ee neie Welt Rekord, nei Sensatiounen, mir gäipen, a jäizen duerno entsat: “Deen wor gedopt”
Virun der Télé, bewappnet mat Chips a Béier äiferen mir no; dem ultimative Welt Rekord!
Mir vergiessen alles, wat ronderëm ons geschitt, et ass dach Summerpaus; Politiker all an der Vakanz; et deet sech näischt, ausser Olympia...!
Vergiess sinn all ons Suergen, ons Skepsis, mir erliewen elo eppes spektakuläres, wat nach ni do wor!
Olympia 2012!
“Brot und Spiele für das Volk” kann een Olympia och bezeechnen, obwuel dat muencher Leit net sou gären héieren; vläit; well se d’ Wourecht net wëllen agesinn...?
Dësen Sproch bezeechent och haut nach d’ Strategie vun de politeschen an den industriellen “Déck Pänz”; well mir mëttlerweil komplett ofgestompt sinn; wou mir mat inszenéierten Spektakelen vun den aktuellen wiertschaftlechen a politesche Problemer of gelenkt ginn!
“Friessen, Fécken, Fernseh” ass d’ elementar Dynamik, déi op déi nidderegst Gier hi schafft!
Déi Gier, déi mir agetriichtert kréien, déi mir all Dag vun de Medien wierksam vir geknat kréien!
Ergoe friessen mir och dëst eran; besser; wéi politesch Skandal’ er, mat deene mir net ëm ze goen wëssen!
A genee do läit Kromm an der Heck, mir si net nëmmen ofgestompt, mir sinn ignorant, mir sinn blann, geblennt vun de Medien, vun den Rekord’ er, vun der Politik, déi ons därmoosse manipuléiert an och dirigéiert, dass ons eege Meenung an de Vergiess geréit!
Et zielen Honnertstel Sekonnen, déi ons den Hype verspriechen, déi ons erdreeme loossen, an duerno wor et nees; wéi an der Politik; ee “Skandal”
d’ Wollek ass geplatzt, ons Dreem inklusiv, soulaang mir ons net besënnen, an ons net méi leede loossen, vun all deem schéine Gemësch, deen ons ronderëm d’ Nues geschmiert gëtt, soulaang wäerte mir; wéi op der Sprang Prozessioun; méi no hanne sprangen, wéi no vir!

Wien denkt elo nach un déi sëlleche Stadien, déi a Süd Afrika gebaut goufen, déi all Dag zech Dausenden verschlëngen, wou vun enger Nohaltegkeet net ze schwätzen ass, frontal dem Bierger vis à vis steet, quasi erhéngert...
Wou ass Olympia??
Wat ass Olympia???





Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü