Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

BIL bitt net méi vill

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 9/9/2012 00:11:20

Ech zitéieren: " Freides Owes huet de Chef vun der Grupp Dexia mech ugeruff, a gemengt, dass Si (also de Grupp Dexia) et net packe géifen  ...???
Iwwert de Weekend hunn ech dem Premier vum Qatar ugeruff...!!!”
Huet de Frieden sech dëst Gespréich opgeschriwwen??? Oder ass him dëst och elo nees an engem Dram agefall?
Weider seet de Frieden:”Et gëtt dacks vergiess, dass mir BGL an och elo Lëtzebuerger Part’ en vun der BIL gerett hunn...”

Mengt de Frieden, mir wieren all esou “Rommel”domm?
Wann den Direkter vun der Grupp Dexia Freides owes agefall ass, dass Si et partout net packen, wat ass iwwerhaapt domatter gemengt, mat packen, rifft deen einfach esou bei de Frieden un, an iwwer Telefon retten Si d’ BIL??
Och iwwer Telefon rifft de Frieden dee selwechte Weekend bei de Premier vum Qatar un, an déi zwee verhandelen iwwer Telefon dëse Milliardendeal????

Weider: “Kee wollt déi BIL kafen, an ech hu keen zu Lëtzebuerg fonnt, dofir mäin laangt Gespréich, deen aus dem Qatar ze motivéieren...”
Do muss ee jo schonn bal laachen, wann et net sou dramatesch wier, jo, wat ee Pesch awer och, dass den Zoppekinnek elo keen am Ländchen fonnt huet, deen Part’ en vun der BIL opkafe wollt...!!!

Hunn déi da keng Finanzexperten op der BIL? Hunn déi dat justement Freideg owes eraus fonnt, dass hinnen d’ Waasser bis zum Hals steet???

“Och behaapt den Echo zu Onrecht, dass aner sérieux Offerten um Dësch loungen, mir si als Staat kee Verkeefer, just Aktionär!
d’ Europäesch Kommissioun huet dëst alles virum Summer gepréift, an de Präis wor ënner (aller Sau) Pardon, ënner den Ëmstänn de richtege Präis, keen aneren huet säi Veto ageluecht”

A wien traut sech dann och ee Veto an ze leeën, géint de Qatar, dee Qatar, wou et gewosst ass, dass de Qatar den Haaptsponser vun der Al Quaida ass!!!!

De Frieden geet op verschidde Froen guer net an, och net op déi, wat se dann am Februar mam Guillaume, dem Albert Wiltgen an him self do gemauschelt hätten, komesch, knapp 6 Méint no der guer net geheimer Reunioun rifft Freides owes... Dir wësst jo...!

“Eist Land muss virukommen, et ass meng Motivatioun ons am Ausland gutt ze verkafen!
Mir haten an deem Sënn jo näischt als Staat mat der Vente vun der Dexia ze dinn”

Ma dat ass zimlech clever, schlussendlech huet de Staat näischt domatter ze dinn, awer en huet d’ Fiedem gezunn, leeft mat der selwechter Hickegt uechter’ t Welt, fir Investisseuren an d’ Ländchen ze lackelen so mol, vir wéi blöd halt Dir Hären ons!
Lakshmi dach am Arsch....


An zu wéi engem Präis, Minister Frieden??? Zu wéi engem Präis verhöckers Du u Länner, déi den Terror mat Milliarden floréieren dinn!!!
“Luxembourg for Finance” bedeit ergoe, der Dout vir Lëtzebuerg?!
Awer de Staat huet an deem Sënn näischt domatter ze dinn, dat ass eng Frechheet, sou eppes iwwer’ t Antenne ze soen, et sollt een sech deen Interview ee puer mol ulauschteren, well een éischt dann tëscht den Zeilen liesen kann, an de Frieden; wéi schonn gesot; net weder op’ t Froen ageet, ma direkt ganz schlau Erklärungen un den Dag leet, sou wéi déi heiten, no der Fro, ob d'BIL an d'KBL an engem oder zwee Joer fusionéieren, wat e soziale Massaker géif mat sech bréngen... “Kee ka soen, wat an puer Joer op ons duer kënnt, mir liewen a schwéieren Zäiten...”
Wat an 1.bis 2. Joer ass; ass net haut; dat ass dann no de Wahlen, a bis duer gi mir nach vill méi an der Päif gefëmmt!
Dat ass schonn staarken Tubak!

Wat Cargolux betrëfft, ass et genee dat selwecht, och do woren aner Offeren, awer déi goufen guer net considéréiert! D’ Chinesen bauen elo ze Haan a ginn eng Konkurrenz vir Luxair!

Ergoe, wat seet ons dat, et gouf wuel gemauschelt, wéi d’ Hären Guillaume Wiltgen a Frieden op Top Secret Missioun am Qatar woren, ma sécherlech wäert kengem dat am Dram afalen, iergendwann mat der Wourecht eraus ze kommen!

An do soll ee nach Confience an ons Politiker hunn, nee, ech sinn degoûtéiert, wann ech hir Ligen nolauschtere muss, hir Nidderträchtegkeeten, hir Falschheeten, déi engem dach kloer weisen, dass se zwar gewielt goufen, awer déi Säck net vir ons schaffen, ma just vir hir Lobby, hire Porte-Monnie, an hire Spuer Kont!
Am 2 Weltkrich hätt ee glat kënnen dee “Rommel” Dommen mam Frieden verwiesselen!






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü