Hauptmenü
Wei den Holy-
Dee Mann ass net weltfriem, een aus dem Vollek, deen laang Joeren ze Tokio an enger Uni usässeg wor... sech mat der Problematik vu jonke Leit ausenaner gesat huet!
Et wor mat senger "Weltlechkeet" nawell séier eriwwer, wéi de Bistum hien a sengen Fittichen hat!
Millioune Steiergelder si "verhonzt" ginn; vir Anti Aids Campagnen, an de Be"Schof" sech dann entsat iwwer ee Condomat weist, deen dann direkt demontéiert muss ginn!
Vir emol kloer ze stellen, ob de Be”Schof” dann elo vu sengem Haus Recht Gebrauch maache kann, hei elei, dës Informatiounen:
Den Proprietäre vum Gebai, d' Sociétéit Maria Rheinsheim, Société Anonyme.
Siège social: L-
R.C.S. Luxembourg B 306 (Bistum)
huet absolut keen Haus Recht well d' Internat iwwer Konventiounen
mam Familljeministèrë mat eisen Steiergelder bezuelt gëtt!
Deementspriechend huet den Äerzbëschof do strictement näischt ze décidéieren !
Den Conseil d' Administration an der Société Maria Rheinsheim setzt sech esou zesummen:
-
-
-
-
-
-
Wat soll also déi onnéideg Aktioun vum Be”Schof” , déi nees genee beweist, wéi anti mënschlech d’ Kierch sech manifestéiert!
KEEN Atheist géif sech trauen, an d' Bulette ze goen, an ze verlaangen, dass d' Kräizer missen ofgeschrauft ginn, och keen Anti Monarchist géif an déi selwecht Bulette goen, vir d' Biller vum "helleje Jhang" ewech ze huelen...!
De Bistum an d' Kierch hunn den Ament aner Suergen, ech kennen Leit, déi vun "Geeschtlechen" sexuell belästegt goufen, a gleeft mir, dat ass ee sauméisseg schlecht Gefill!
Ech wëll net widderspriechen, dass et och Geeschtlecher ginn, déi sech asetzen, vir hir Scheewercher, awer géif ee vun deenen dem Holy-
Nee, wuel kaum, well de Bistum hien op Novosibirsk versetze géif!!!
d' Kierch ass rassistesch, absolut null tolerant!
Hutt Dir just Sex, vir Iech fort ze planzen?
Ass de Sex tëscht gläichgeschlechtleche Leit eng Sënn?
d' Kierch mokkéiert sech all Dag iwwer ons, an mir loossen ons dat esou gefalen?
d' Kierchefabriken ginn mat Millioune gesponsert, an da kënnt sou een Holy-
Ze Iechternach am Lycée sinn sämtlech Kanner an engem Schoulkomplex, och déi aus der Primär Schoul... déi maachen elo extra gär Sex ouni Verhüterli...
Dat ass schonn bal Mord!!!
Nujee, mir sinn et jo gewinnt, dass Mord zu den Attitüden vun der Kierch gehéiert...!
Ech bedaueren d’ Schoulpersonal vun Iechternach, déi elo Froen beäntwere mussen déi am Fong laang gekläert woren!
Wier et net un der Zäit, dass de Gesondheet’ s Ministère Positioun ergräife géif?
Déi Anti Aids Campagnen ginn ëmmerhin vun deem Ministère geleet, et wier um Bartolo Beo Stellung ze huelen, seng Campagnen ze erklären!
Wat sollen d' Kanner dann nach gleewen?
A wat gleewe mir???