Hauptmenü
De Premier litt, ouni rout ze ginn, hien veräppelt seng Wieler, Net
Wieler, d‘ Lëtzebuerger Bierger!
Et ginn deier Reunioune gehalen, d’ gëtt eng Enquête Kommissioun an
d’ Liewe geruff, déi sech komplett perplex weist, wat déi “Affaire”
ugeet...!
De SREL an d’ Bommeleeër Affaire hänken elo op ee Mol zesummen,
an awer weess keen eppes iwwer de Bommeleeër, an de SREL wëll näischt
vun illegalen Ecouten wëssen...
Chamber kéint een och an den “onglafwierdegen Gaassen Theater”
ëmbenennen, an de Juncker ass de Lige Baron!
Oder ass dat nees ee clevere Schachzoch, elo beim Geheimdéngscht
Thesen ze hannerfroen an ze ënnersichen, déi am Fong nëmmen Peanuts
sinn...
Dat gesäit aus, wei wann lo Alles soll a wéilt opgekläert ginn.
Dat Wesentlecht gëtt awer iwwergaang:
Hat de Geheimdéngscht mat der Bommen ze dinn?
... “Kloer”
Hunn d’ Bommeleeër am Opdrag vum SREL oder direkt fir d' Nato
geschafft?
... “Jo”
Gett lo deenen zwee vun der Brigade Mobile e Schauprozess gemeet fir
virun deene richtegen Responsabelen ofzelenken?
... “Jo, üblech am Land”
Déi Stay Behind Terroristen hunn an den Achzeger Joer masseg
Attentater mat Honnerte vun Doudeger gemeet:
Bologna; Oktoberfest; Tueurs fous du Brabant; Vielsam an, an ,an...
Et leit dach op der Hand dass dat zu Lëtzebuerg keng Ausnam war.
De kale Krich huet se motivéiert, well se alleguer Angscht virun de
Kommunisten haten, an hinnen do all illegal Mëttel recht woren.
Awer genee dee Fait wëllen ons Politiker manipuléieren, an och do ass all
Moyen legal, deier Reunioune feieren, Prozesser op Staat’ s Käschten
ginn operéiert, Star Affekoten gi mat an d’ Boot geholl, vir dat Ganzt
Medien wierksam ze verkafen!
Dobäi brauch ee kee Jurist ze sinn, vir dës Bumm Bumm Aktioune ze
verstoen, de gesonde Mënschen Verstand misst beim Bierger aktivéiert
ginn, an Hoppla, sinn se alleguer als Ligener an Renomisten entlarvt...!
d’ Haaptsaach dem Bierger eppes virmaachen; awer opgepasst; net méi all
Bierger ass sou devot, dass en alles gleeft, wat een als Knachen vir
gehäit kritt, de Bierger gëtt gurmangzeg, an hanner freet op d’ Muerch
am Knachen net sténkt...!
Et gëtt ons Bierger jo permanent Gurmangzegkeet virgehäit, voilà, mir
sinn et och, well mir Iech, an Är Ligen ewell hannerfroen, an ons selwer
d’ Wourecht sichen!
Wa net vun Iech ( dat wier jo och bei deene wäisse Westen kee séchere
Wee) d’ Wourecht ze erwaarden ass, gëtt ee se nawell gewuer, well et
einfach Fakt ass, dass Dir alleguer Angscht hat, Är Klacken ze
verléieren, an de Kommunismus gefaart hutt, ewéi d’ Häll!
Gitt et dach zou, an halt op, Iech weider komplett lächerlech ze
maachen, maacht mol sérieux Politik, oder hutt Dir dat mat all Ären
Intrigen verléiert?
Hei een Reportage, deen ënner aneren op ARTE gelaf ass, kuckt Iech
deen alleguer un, well och do konkret vu Lëtzebuerg geschwat gëtt...
Wien elo nach un de Kleeschen (och genannt Juncker) gleeft, ass selwer
Schold, a muss da wuel d’ Kräiz droen, wat en operluegt kritt!
www.youtube.com/watch?v=0vNJuhN23ow&feature=youtu.be
Die geheimen Armeen der NATO (Doku) Operation Gladio