Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

EU wou ass d' Enn?

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 24/7/2012 22:13:13

Lo gëtt et sou lues waarm an der EU Kris, d' Griichen sinn schonn ofgeschriwwen, nee NET Griichen, d’ griichesch Banken sinn ofgeschriwwen, et nerft mech, dass ëmmer vum Vollek geschwat gëtt, wou déi Milliarden dach an d' Bankewiesen gepompelt goufen, Spuenien, Zypern, an och elo Sizilien japsen elo, well och do Banken laang mat ominéisen Hedge Fond' s spekuléiert hunn, d’ Manager sech Täschen voll gestach hunn, dass de Rettung’ s Schierm geschwënn agräife muss!!
Awer onsen Zoppekinnek Frieden berouegt ons: “Et ass dach gewosst, mir si nach laang net aus der Kris, awer et gëtt alles gemaach, vir d’ Stabilitéit an der Euro Zone ze halen”
Wat eng gescheiten Ausso vum Finanz Minister, deen anscheinend Hännessen ronderëm sech beschäftegt, déi dee ganze Misère GUER net komme gesinn hunn!!
Wat halen se dann, hir Finanzen zesummen, an no onseren kucken se net!!
Mech schockéiert et net, dass eng Rating’ s Agence ons erof gestuft huet, nee, mech steiert déi Arroganz vun onse Politiker, déi ons regelrecht verkafen, wéi ee Stéck Véi um Maart!
Den Target 2 Saldo vun der Lëtzebuerger Zentralbank fuerdert elo pro Kapp 250.000 €, ergoe Fuerderungen vun 124 Milliounen €!!
Nee, dat steet weder net an enger Zeitung, de Bierger kéint dëst jo liesen!
Een Enn vum Euro, och Teuro genannt, weist den Zoppekinnek Frieden wäit vu sech, e géif och ee Fouss bei’ t Schinn Been vum Juncker ze spiere kréien, wann en eppes aneschtes soen géif!
Wat si se awer eng ageschwuere EG, déi Dammen an Hären aus der EU!!!
Se hu sech geschwuer, eng nei Welt Uerdnung ze schafen, nei Dimensiounen ze ariichten, un deene mir guer net méi fréckele kënnen, wou mir komplett ofhängeg ginn, vun hire Machenschaften!
Den Impakt kréien mir nach ze spieren, 2014 sinn Walen, an duerno wäerte mir Lëtzebuerger aus der Këscht fléien!
No 2014 gëtt guer net méi vun de Lëtzebuerger geschwat, da si mir integral “Grande Region” oder “Lux Lorraine” !
Da gesinn mir, wou ons Crédibilitéit steet, vun der finanzieller emol ofgesinn!!
d’ Haaptsaach ons Minister ginn Futtball a Formel 1 mat den décken Investisseure vum Land kucken, och ee blesséierten Cyclist léisst sech gären beim Diner vun der Presse mat deem selwechten ofliichten!
Wat eng Grompere Monarchie, wou et just dorëms geet, sech selwer an dat richteg’ t Liicht ze bugséieren, mat deenen pissen ze goen, déi momentan un der Muecht sinn, vir ee Stéck vum Kuch ze erschläichen, well kee weess, wéi laang et nach séiss schmaacht!!
Mir, de Peubel, par Konter, ginn un der kuerzer Léngt gehalen, kréien de Fanger vum Zoppekinnek gewisen, dass mir alleguer verantwortlech sinn, vir eng gesond EU, déi laang u Bullemie erkrankt ass, well nach ze vill verfroossen’ er den Hals net voll genuch kréien....



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü