Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Euro Gruppe Chef... awer just wann...

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 30/6/2012 21:12:40

Wat kënnt als nächst?
“De Juncker ass d'accord nach 6 Méint drun ze hänken awer nëmme wann den Yves Mersch, de Chef vun der Lëtzebuerger Zentralbank, an den Directoire vun der europäescher Zentralbank kënnt.
Dir musst  emol Kommentairen vun auslänneschen Online Zeitungen liesen, wéi déi Fuerderungen vum Juncker och nach Euro Gruppe Chef eriwwer kommen!

De Staatsminister huet d' Vue komplett verluer, an hie schummt sech och guer net, esou Fuerderungen ze stellen!
Mir sinn am Ausland blaméiert bis op d' Knachen, net nëmmen wengs der doten Fuerderung!

Liest emol dësen Artikel am Handelsblatt, wéi de Claudie National iwwer ons Lëtzebuerger schwätzt, bzw. wéi hien ons an aller Ëffentlechkeet vir domm erkläert!
Zitat Juncker: " Luxemburg zahlt pro Kopf mehr in den Kapitalstock des Europäischen Stabilitätsmechanismus ein als die Deutschen. Ich bin froh, dass die Luxemburger das noch nicht gemerkt haben."
Quell: http://www.handelsblatt.com/politik/international/jean-claude-juncker-solidaritaet-funktioniert-nicht-ohne-soliditaet/6119306.html
Vir wéi domm gi mir eigentlech gehalen, a wéi arrogant ass de Juncker, wat seng eege Land’ s Leit betrëfft! Ech kann do just de Kapp rëselen, d' Vollek sollt dach emol waakreg ginn, a mierken, wéi mir bei Lisette gelooss ginn!
Wat elo déi “Affaire” Mersch betrëfft, ass dat kloer "Vetternwirtschaft" an Erpressung!
Bei der “Saach” Léiweng  Wickreng huet de Justiz Minister dem "Foussvollek" jo genee juristesch Definitioun erkläert, elo beweist de Staatsminister, wéi dat an natura funktionéiert...
Nëmme weider esou... mir Lëtzebuerger sinn devot an och klengkaréiert genuch, vir weider Eskapad’ en ze erdroen, d' Haaptsaach de Juncker ass dee Beschten, dee mir opweises hunn, ëmmerhin mécht hien deenen ze Bréissel emol Gesetzer, a weist hinnen wien d' Muecht huet...
Dobäi weess den Euro Gruppe Chef selwer, dass den Euro verluer ass, dass dee Plang NI opgeet, awer seng eegen Impertinenz ass méi grouss, wéi säin Besoin, säi Vollek net widder' t Mauer ze dirigéieren!

Ech, an net nëmmen ech maache mir ferm Gedanken, wou dës Episode op een Enn geet, zum Schluss wäert de Lëtzebuerger soen: “Weem sees Du et”
Awer ech fäerten, da gëtt et kee Lëtzebuerg méi, well Politik dach just méi vun enger Groussregioun schwätzt, an och de Juncker bei sengen hellege Rieden, net méi säi Land selwer ernimmt...

Déi hunn eng Wëlles mat ons, a wann mir et bis gewuer sinn, ass et ze spéit vir an ze gräifen!

Genee dat ass dach Taktik vu Juncker a Co!

Feierlech mat Pauken an Trompetten, gi mir an Faillitë gedriwwen!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü