Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Curiosity

Herausgegeben von Sonja Thorn in Visiounen · 6/8/2012 23:45:14

Quasi all Mënsch ass begeeschtert, de *Curiosity* ass no laangen 8 Méint a 570 Millioune Kilometer um Mars geland, et dierf een anscheinend guer näischt dogéint soen, well ee soss ee Fuerschung' s Banaus ass, an ouni sou Missiounen nach Bréif Dauwe verschécke géif...?
Dobäi sollt een awer och de Präis ernimmen, 2,5 Milliarden Euro huet de “Mars Mobil” kascht!
Och huet een anscheinend net vill vun der Welt verstan, well sou Fuerschung immens wichteg ass wier vir de Mënsch; deen den Besoin huet; onendlech ze fuerschen an no eventuelle "Noperen" bzw. “Einzeller” ze sichen.
AWER, wësse mir, wat Nasa wierklech am Sënn huet, et ginn no "seltenen Erden" gesicht, déi op onsem Planéit ganz rare sinn, dofir sinn och Chineesen an Russen drop erpicht, um Mars ze landen.
Ausserdeem geet et ëm Welt Muecht, déi haut dës Daags och am Weltall ausgedroen gëtt...
Ech hu näischt géint Fuerschung, awer deen Hype kann ech net no voll zéien!
Déi Milliarden, déi do verpolvert ginn, do gëtt et engem schwindeleg, och wann ouni sou utopesch Projet' en;  et ëmmer nach aarm Leit géife ginn; ass dat vir mech kee Verglach!
Mir ginn op onsem bloe Planéit net eens, a wëllen de Welt Raum eroberen?

Wann jeemools Mënschen op dem Mound oder dem Mars dat “Land” kultivéieren, gëtt eng Élitë eraus gesicht, a gleeft mir, do huet den Amerikaner d' Stëmmrecht, an Auswiel ass reduzéiert op ee bestëmmten Typhus!!!
Ech wëll déi Leeschtung vun deenen Techniker net minimaliséieren, awer do ass Drock hannen drun, dat ass OCH eng Élitë vu schlaue Käpp, déi vir NASA schaffen, déi gehirlos gutt bezuelt ginn, quasi kee "normaalt" Liewen féieren a just vir sou Projet' en liewen, ergoe mënschlech Roboter, deenen hir perséinlech Fräiheet  därmoossen ageschränkt gëtt, well bei deenen Zommen ass alles Top Secret!

Mir gesinn déi formidabel Leeschtung,  a sinn houfreg op ons Spezies, déi nawell de Welt Raum erfuerscht, gesi mir Konsequenzen?
Wësse mir vun de Konsequenzen vun CERN (European Council for Nuclear Research)

Nee, mir betounen, wéi schlau mir dach sinn, dat sinn awer net mir, dat ass d’ Elitë!!!

Den Amerikaner hëlleft, fuerscht, bedreift Entwécklung’ s Hëllef, dobäi ass gewosst, dass se an déi aarm Länner Gen manipuléierte Mais verschécken, dass schonn munnech aarm Länner hire Verzicht erkläert hunn...

Et ass eben net alles, wéi am Main Stream erkläert, well do ginn ëmmer just déi gutt Doten betount!
A genee do läit Kromm an der Heck, mengt net, dass d’ NASA wénks ons Bierger fuerscht...

Mir sinn Fouss Vollek, wat sech iwwer Leeschtungen erfreet, déi mir net viraus gesi kënnen, op se ons schueden, oder hëllefen, Fuerschung ass nach ëmmer vir Krich’ er benotzt ginn, net vir de Wuelstand vum normale Bierger!






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü