Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Tour de Politique

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 19/7/2012 23:11:53

Komplott, Dram, ganz nei Wierder déi an der Lescht praktesch all Dag an de Mond geholl ginn, awer opgepasst, se kéinte vergëft sinn!
Ons Regierung, ons Sportler an ons Banken kommen aus de Negativ Zeilen net méi eraus, Lux a Co hu sech huerteg vum Vëlo Sport distanzéiert, net dass op ee mol ee mengt, de Lux wier wënns sengem roude Kapp och éieren gedopt!
d’ Schleck Bridder wéimeren, well hir Paie net um Compte ass, nujee, sou dënn, wéi déi zwee sinn, wäerten se wuel Honger leiden, obwuel, se dierfen jo dach net alles iessen, wat hinnen ugebuede gëtt, net dass och Si vläit ee Beafstaek an der Pan hunn, deen duerno positiv Reaktiounen op Doping ervirrifft...
Ze guer de Fink wor gedopt, deen hat op ee Mol een Dram, wou e sech konkret un d’ Gespréich erënnere konnt, wat an der Regierung laang debattéiert gouf!
De konkrete Wuertlaut huet en sech direkt opgeschriwwen, an ënnerschriwwen, do muss een jo gedopt sinn, vir sou een Bewosstsäin Revival ze erliewen!
Domatter ass deen Dossier da wuel ofgeschloss, wat een Dram alles realiséiert!

Den Frank mécht eng Plaintë géint “onbekannt”, wënns Vergëftung, nee, wat huet de Parquet deemnächst villes ze dinn...
Obwuel d’ Affairë Léiweng Wickreng ass jo quasi vum Dësch, okay, mir hunn nach de Bommeleeër Prozess deen de Juristen an de Riichter villes ofverlaangt... Ob do och nach een Dram zum Virschäin kënnt, oder eng Doping Affairë, wäert de Parquet dem Peubel no laangen interne gespréicher vläit matdeelen...
Se hunn eng nei Krichserklärung, déi Si wuel komplett fuerdere wäert!
Sportler an ons Politiker hunn awer och ee schwéiere Stand, et gëtt einfach ze vill vun hinne verlaangt, dass een do an ee “schwaarz’ t Lach” fält, ass dach viraus ze gesinn!
Déi eng liewen et mat Doping aus, déi aner mat schlaue Spréch, dass een grad sou mengt, se wiere gedopt!
Finalement ass et de Bierger bzw. de Supporter, deen nees ferm enttäuscht gëtt, wat seng Idol’ er dach d’ Sau eraus loossen, a mir dach d’ Flemm kréien mam Fändel ze wénken!
Elo gëtt och nach de “Gala Tour de France” ofgesot, dat ass, wéi wann de Palais den Te Deum ofsoe géif, a mir kënnen ons jo nach vague erënneren, wat dat schonn ee Gedeessems wor, well 3 Instanz net déi gewinnte Platze kruten, wat wier éischt lass, wann...
Nee loosse mir net sou wäit denken, d’ Lëtzebuerger si geschockt, déi eng fannen déi Uschëllegungen aus der Loft gegraff, déi aner woussten schonn laang, dass bei Leopard net alles mat legale Mëttel leeft, dass droleg Bauhären matmëschen, déi sech profiléiere wollten, an ons Politiker ellen houfreg woren, de Velodrom direkt gebaut hätten...
Awer elo... ze guer den Haaptsponsor Enevos wëll sech zeréck zéien wann B Prouf positiv ass, kloer dat, déi si beméit op grénge Stroum ëm ze stellen, a wëlle keen “gedopte” Stroum!
Dat huet elo nees näischt mat der Sotel Leitung ze dinn, dat wier elo ze wäit gegraff...

Wat ee Gedeessems am Land, se wäerte wuel all bieden, dass mir nees positiv Schlagzeilen kréien, awer vu wou??

Vläit kommen Schleck Bridder elo an d’ Politik, da wieren se nees alleguer vereenegt, an de Peubel nees zefridden, et wieren jo net déi éischte Sportler, déi an déi “richteg” Partei antrieden, wou Léien zum 11. Gebot gehéiert!

Bis dohinner kréie mir wuel nach muench Iwwerraschong presentéiert, vun der B Prouf emol ofgesinn, gi mir dach als domm Supporter a Wieler gehalen!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü