Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Dännewald am Dännebësch

Herausgegeben von Sonja Thorn in EU-Politik · 9/10/2012 22:00:31

Alt nees dat Argument, dass an de Nopeschlänner och manner verdéngt gëtt, wéi vill Frontalier’ en schaffen dann hei, a liewen an hirem Land, wéi vill Lëtzebuerger wander’ en aus, well et hinnen net méiglech ass, an hirem Land zu enger eegener Häip ze kommen!
Leit wéi den Dännewald liewen wuel och an deem selwechten, wann se mat sou Virschléi kommen, déi komplett aus dem Konsens gezu sinn!
Lounkäschten, ah sou, de Bierger soll berappen?
Awer d’ Hären aus den Chef Etagen säckelen weider monter an!
Ech schloen Iech vir Här Dännewald, dass Dir ënner anerem de Site Patrimoine vun Déifferdang sprengt, an puer Epicerië sociale dohinner baut! Wëlle mir dee Misère vun den Héichuewen gesinn, deen Dir an d’ Regierung verbockt hutt! Wëll onst Land sech vir eppes bretzen, wat se selwer an de Ruin gedriwwen huet?
Och um Site vun de Glas Fabriken etc. hutt Dir geschwënn genuch Platz, vir Aarme Butteker an ze weien!
Sou stitt Dir nees voll am Mëttelpunkt, an Dir léiert och emol, wéi een eng Konserve opmécht!

Ech fannen dat een Affront, hunn net grad Leit wéi Dir, déck vun Kompetitivitéit getéint, wou bléift déi dann, wann Dir dëst realiséieren wëllt, wat maachen all déi Koppelen, déi ee Prêt op en Haus lafen hunn, wien freet sech do?
d’ Banken, déi d’ Hand iwwer dem Objet hunn!
Do sinn mir dann beim Thema!
Géint Banken schwätzt Dir net, firwat?
Traut Dir Iech net un déi Lobbyisten, déi d’ Muecht am Land an och an Europa vertrieden!
Wien huet dann vun deene “Steiernichen” profitéiert? Den Aarbechter, ah nee, dee Begrëff gëtt et jo net méi, dat nenne mir jo de Beamte Statut!
De “normale” Bierger huet net vill profitéiert, oder ass dat schonn Profit, wann een en eegen’ t Haus mat engem Gäertchen huet, ass dat net méi gewollt, hëlt dat Platz ewech, vir Är aner Kollegen, d’ Immo Branche ze fidderen!

Een Hohn; wéi Leit wéi Dir; Generatiounen veraarscht, an Solidaritéit vun onsen Elteren mam Fouss an den Hënneschten rennt!

Leit wéi Dir sidd dach gréisstendeels mat dru Schold, dass d’ Arbed, Villeroy & Boch, Cargolux, an elo Hyosung an Glas Produktioun hir Betriber am Land zou maachen an aus lageren!

Awer nach déck eng 100 Joer Feier um Site Belval feieren, méi blasphemesch geet et jo wuel net!

Vill Firmen goufen awer mat ville Subsiden an d’ Land gelackelt, genee sou wéi Namsa, déi och just sou laang hei woren, wéi de Kontrakt valabel wor!

d’ Gewerkschaften hutt Dir grad sou “kaaft” déi schaffen och net méi vir de Bierger; ma ginn vun Iech; de Lobbyisten gefriess!

Dir rechent alleguer domatter, dass de Lëtzebuerger schéin brav an devot bléift, sou wéi hien zënter Generatiounen wuel wor, ma passt awer op, iergendwann hunn mir ës genuch, a wann Dir Iech iwwerhaapt vir de Peubel intresséiert, wäert och Dir feststellen, dass et ëmmer méi Leit ginn, déi net méi d’ Accord mat Ären Mauscheleien sinn!

Geet et ons dann wéi de Spuenier, an de Griichen?
Kommt Dir dann och mat der Force publique vun der Groussregioun, an déi haen ons de Gummisknëppel laanscht Panz?

Anescht kënnt Dir Iech jo net wieren, wa mir net sou fungéieren, wéi Dir et laang am Plang hutt, geet et ons ee Strapp ze séier, sou oder sou, si mir gebiischt, awer DIR an Är Kanner sinn ofgeséchert!
Wat intresséiert Iech de Rescht, wou Dir den Dännebësch just vun der profitabeler Säit gesitt, wat intresséiert Iech Liewen an deem selwechten?

Sou Leit, wéi Iech wënschen ech der Däiwel näischt Schlechtes, well sou Leit wéi Dir sidd d’ office schlecht Mënschen, schlecht Matbierger, awer gutt Profiteuren!!

Mäin Papp sot mir ëmmer: “ Een Räichen, wor nach ni een Éierlechen”

Wéi eng Wäisheeten hutt Dir vun Ärem Papp geléiert?






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü