Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

30 %

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 16/10/2012 22:55:01


Net nëmmen dass den Dännewald fuerdert, dass mir Lëtzebuerger 30 % vun onsem Loun  gestrach kréien sollten, elo kënnt och de Patron vun de Patron‘ en; de Würschtchen zu Wuert!
d’ Office huet de Lëtzebuerger 3000 € Pensioun, an déi sollt dach un d’ Nopeschlänner adaptéiert ginn...!
Ech sinn éierlech gesot bësse iwwerfuerdert, an ze guer mir feelen do d’ Wierder!
Net nëmmen, dass ech weder keen aus mengem Bekanntekrees kennen, deen eng netto Rent vun 3000 € huet, ma eleng déi zentral Eenegung, vun deenen
“Déck Pänz”, déi lacker dat 8 fach’ t asäckelen, an sech dann nach trauen vun Kompetitivitéit ze schwätzen, schléit den Deckel aus dem Faass!
d’ Manif haut op der Clairefontaine’ s Platz ass dee Moment ridicule, well genee gewosst ass, wien sech do profiléiere wëll, net den Aarbechter, dee vir seng Rechter kämpft, an sech nach komplett vir domm verkafe léisst; NEE;
Gewerkschaften, deenen et méi wichteg ass, hir intern Reiwereien nees um Bockel vun den Aarbechter aus ze droen!!!
OH, den LCGB wor beleidegt, den OGBL wor nawell béis, se streiden, wéi an der Spillschoul, awer den Aarbechter kritt de Sand an d’ Aen gehäit!
Typesch Lëtzebuerg!
Wann ech un ons Elteren a Grousselteren denken, ginn ech traureg!
Vir wat hunn déi gekämpft, vir ween, vir ons; hir Kanner!
An elo, gëtt alles mam Fouss an den Aarsch gerannt, wat ons Elteren a Grousselteren voll bruecht hunn!
Elo zielen aner Wäerter!
Net nëmmen dass déi Haiser, déi ons Elteren mat Schweess opgebaut hunn, devaloriséiert ginn, eng Energie Klass op gezwonge kréien, déi ganz Generatioun kritt eng
een Triple Minus...
d’ EU bréngt muenches fäerdeg, an ons Lëtzebuerger Politiker sprangen voll op deen Zuch!
De Juncker krut haut de Kommunikatioun’ s Präis,
d’ EU krut de Fridden’ s Nobel Präis,
de Frieden kritt ee fette Posten bei der EU

A mir Lëtzebuerger???

Wat kréien mir?

Mir kréien d’ Sanktiounen ze spieren...!

TVA wäert geschwënn drastesch an d’ Luucht goen!
Den Index ass hannert den Dieren laang begruewen, de Wuere Kuerf gëtt esou adaptéiert, dass mir ferm wäerte bäileeën mussen!

Awer wat bekloen mir ons?
Mir sinn dat 2 räicht Land op der Welt, an bei ons gëtt eng Epicerie Sociale nach vum Grand Duc ageweit!

V I V E !

Elo gëtt d’ Platz virun der Stat’ er Gemeng mat der Zännbiischt gebotzt!
De Palais op Héichtouren poléiert, well de Lëtzebuerger feiert...

Wat feiert en dann?
Eng Prënzen Hochzäit!

Nee, wat een Houfert, nee, wat eng Freed!

Vir de Rescht och just eng weider Fatamorgana, déi ons eppes gleewe léisst, wat net existent ass....



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü