Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Count Down Syndrom

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 18/10/2012 22:45:06


Dem Staatsminister seng Ried bzw. Gléckwënsch vun de Nowend!
! De Juncker sollt mol d’ Lëtzebuerger Verfassung genee no liesen !
Lëtzebuerger Verfassung schreift vir:
Dem Grand Duc seng Fra ass KENG Groussherzogin!

Dat ass konstitutionell an der Verfassung neier geschriwwen!
Ergoe gëtt dem Ierfgroussherzog säin Fanni och NI Ierfgroussherzogin!!!

Dem Minister seng Fra ass och net Ministesch, an dem Juncker seng Fra ass och net Premier...!
Anscheinend huet La Noix esou dem Juncker d’ Aen verdréint, dass deen glat vergiess huet, wat ons Konstitutioun vir schreift!

Et kann dach net sinn, dass am Land d’ Verfassung esou verbéit gëtt, just well se elo kuerz virum Count Down komplett ausflippen!

Lo sinn mir beim Thema; Ausflippen!
1600 Flicen dëse Weekend am Asaz, de Knuedler gëtt mat der Zännbiischt gebotzt, all Luuchte Poteau gëtt mat engem Viveleda poléiert, Public Viewing , Rollrasen, en plus gouf d’ Chamber komplett demontéiert!
300 Meter laangen rouden Teppech bei Tapis Hertz bestallt, d’ Kathedrale gëtt gerëscht mat Dausende vu Blummen, déi all aus Ecuador duerch Kanner Hänn gepléckt an importéiert goufen... alles vir d’ Hochzäit vum Joerhonnert...

Mir erliewen den Moment dee groussen Hype,  net méi fréi wéi haut si mir gewuer ginn, dass déi Millioun € Investissement sech nawell rentéiert huet, den Äselbuer kritt seng rout Fuerf vun de Bäckelcher guer net méi ewech, mir sinn zënter haut am Weltsécherheetsrot!!
Do kënnt elo eng grouss Charge op ons duer, an den Äeselbuer seet dem Heng nach emol ee besonnescht’ e Merci, well deen sech iwwer 1 Woch an New York staark vir säin Ländchen gemaach huet.... dann hätt en jo direkt kéinten am Exil bleiwen, wann den Heng sech; wéi säin Papp am Ausland besser bewährt; wéi a sengem eegene Ländchen!
Nujee, ech wëll elo net aus schwäifen, obwuel ech dozou Loscht hätt  :)

Et geet also Bierg op...?

Genee dat wëll ons d’ Regierung denke loossen, mir sollen jo och net ze vill denken, a schonn guer net kritesch!

Haut gouf d’ Pensioun’ s Reform an engem Tempo gestëmmt, dass ze guer deem ge”vive”stem Deputéierten schwindeleg gouf!
Kloer, et gouf eng Manif, och wann d’ Gewerkschaften sech ënnereneen; wéi ëmmer; net eens woren, de Bierger wor present... de Bierger gouf; wéi ëmmer; iwwerstëmmt!!!

Awer bei eis reegt sech do weder keen driwwer op, wat kéint de Noper dann och denken...!
Offiziell geet et ons dach wonnerbar, och wann mir quasi all op Puff liewen, de Puff ass in, an gehouert gëtt ëmmer nees gären, och bei den Décken Hären!
Déi hunn de Puff jo och erfonnt, sou oder sou...!

Mir bezuelen hir Exzesser... mir biergen vir hir Euro Orgien, an anere Wierder gi mir komplett gebiischt!

De Cotteng awer, mir halen stall, mir bécken ons nach, lecken hinnen d’ Schong, a schläimen ons bei hinnen an, wéi wann mir helleg gesprach géifen, wann mir ons de Pafen ubidden...!!

Au contraire, vergiesst net, wat d’ Kierch vir Grujel Doten voll bruecht huet, déi ginn iwwer Läichen, an iwwer sou Devot Lëtzebuerger sou wéi sou!





Karrikatur: Carlo Schneider

www.schneidercartoon.com






Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü