Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

De Claudie National

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 16/5/2012 23:05:26

Egal wat hien seet, egal wat hien mécht, de Lëtzebuerger hëlt dem Premier näischt iwwel!
Wéi ass dat ze verstoen, ech weess et och net!
Läit et dann un onser Mentalitéit, dass mir kee Changement wëllen, oder sinn mir all esou ofgestompt, dass mir schonn all resignéiert hunn?
Aussoen wéi “Näischt sollt an der Ëffentlechkeet geschéien, mir sollten am Euro Grupp am geheimen diskutéieren...Wann et eescht gëtt, muss ee léien” steieren ons anscheinend net, och wann déi Aussoen an ganz Europa déck Wellen geschloen hunn!
Och hunn mir et dem Staatsminister ze verdanken, dass een ewell fäerte muss, am Ausland zou ze ginn, dass een ee Lëtzebuerger ass, do huet schonn muenchereen, ënner anerem ech muench negativ Experienz gemaach...!
Et gëtt een vernannt, wéi mir dach hei an engem “Schlaraffeland” liewen, an et ons ALL dach esou gutt geet!
Wien projezéiert dëst Bild dann?
De Juncker!
An deem wëlle mir devot tréi bleiwen, et ass net ze verstoen!
“ Ween hu mir da Besseres, wéi onse Staatsminister, deen zënter 28 Joer onst Land regéiert ?”
Stop, looss Dir et éischt mol op der Zong zer goen: 28 Joer!!!
An dat an enger Demokratie! Nee, onméiglech, dach éischter an enger demokratescher Diktatur!
Mir wëssen all, ween no Juncker un d’ Rei kënnt, lues awer sécher ginn mir schonn’ s drop hi gestéiert, gesitt Dir, Dir wësst et och, dee nächste Premier gëtt..... onsen Zoppekinnek Frieden!
Mat deem si mir grad sou schlecht drun, well de Juncker; wéi et och de Kohl an Däitschland gemaach huet; weider hannendrun d’ Fiedem zitt...

Wien hu mir dann? Vun senger politescher Fuerf emol ofgesinn, wier de Xavier Bëttel kompetent, natierlech net mam Meisch am Hannergrond, awer de Xavier Bëttel ass korrekt, cool an (bis elo) net ofgehuewen!

Jo, reegt Iech elo all op, awer soss fält mir wierklech keen an...

Op jiddwer Fall géif hien nei Schwéng an Politik bréngen, ass et net dat, wat mir bräichten?

Wann mir nach weider um Juncker an de Pafe festhalen, sinn d’ Lëtzebuerger déi Lescht, déi géint den Euro an d’ EU sinn; wou all déi aner Länner schonn aus getruede sinn; a mir bezuelen de Rettungsschiirm, da sinn mir Faillitë, da gëtt et kee Lëtzebuerg méi, dann hu mir erreecht, wat de Juncker wollt, eng “Grande Region”

"VIVE"


Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü