Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Bommeleeër; kee wëll et sinn...!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 14/3/2013 23:41:42

Et ass genial!

All Dag nei Hiobsbotschaften, déi eraus gegruewe ginn!

d’ Ass schonn impressionant, a wéi engem déiwe Krater all déi “Nouvellë”

vergruewe woren!

Den normale Bierger stellt sech do nawell vill Froen, och wann dat vun

der Regierung net sou erwënscht ass.

Firwat huet d’ Regierung eng Enquête Commissioun an d’ Liewe geruff,

wann all déi Interviews” an der Chamber eng mega Farce woren?!

Den opge”Bausch”ten huet ferm mat senge Flilleke gewackelt, huet sech

perplex an erstaunt gewisen!

Wou wor déi Enquête Commissioun dann esou kategoresch rigurose, dass

genee hannerfrot gouf, ouni dass d’ Schweessdrëpsen hinnen d’ Sprooch

an d’ Angscht virun den Konsequenzen geholl huet!

Hei elei, da kommen 2 Journalisten, de Marc Thoma an de Nico Graf, an

déi weisen drop hin, wou de Fräsch keng Krauselen huet!

2 Journalisten, déi et sech zur Determinatioun gemaach hunn, dëse wuel

gréisste Skandal Lëtzebuerg op ze decken!

Am Fong ass et jo keen Eklat, well et dach genee gewosst ass, dass et

eng “Gladio” och genannt eng ”Stay Behind” Operatioun wor!

De Klamauk läit doranner, dass keen vun den Hären Santer, Hoffmann,

Juncker a Co dëst wëll zouginn!

http://www.youtube.com/watch?v=0vNJuhN23ow&feature=youtu.be

FIRWAT?

Et géif ee Kaarten Haus zesumme falen, dat Kaarten Haus, wat zënter

Joeren op Ligen opgebaut ass, Ligen säitens der Regierung, Ligen an

Chantage an deene Reien, déi sech dach all ze gär sou helleg vir kommen!

Och wier den opge”Bausch”ten a seng Kameroden net grad an deem

beschte Liicht, an dee Spektakel mat der Enquête Commissioun géif

komplett an d’ Lächerlecht gezunn!

Eiheiheih, an dat alles 2013, wou dach elo schonn Péngscht Vakanz wéngs

den Landes an Europa Walen verréckelt gouf...

Kee Minister wëll nach iergendeppes vun der Affairë, nee “Saach”

héieren, de Juncker hëlleft am Wal “Kampf” léiwer der Merkel, well dat

him alles fuerchtbar op säin Hellege Schäin dréckt!

De Procureur Biewer trëfft sech heemlech mat Geiben a Co, just vir ee

Glas Luxlait ze drénken, d’ muss een sech jo kenne léieren...

Do laachen dach d’ Kéi!

Wat gëtt nach am Ländchen gemauschelt, et geet elo duer!

d’ Geet duer mat deene Ligen, wou d’ Ligener net responsabel

gemaach ginn!

d’ Geet duer mat deem Chantage am Ländchen, do hëlleft och keen Code

de Deontologie, deen souwisou mëssbraucht gëtt!

d‘ Geet dem Bierger ferm duer, mat korrupte Minister a Politiker, déi de

Wieler zënter Generatioune vir komplett senil halen!

ET GEET DUER!!!

Mëssbrauch ass jo d’ Wuert, wat am meeschten am Negativem Sënn

torturéiert gëtt!

MËSSBRAUCH!!!

d’ Regierung mëssbraucht seng Wieler!

Enquête Kommissiounen mëssbrauchen d’ Recht op d’ Wourecht!

Dee ganze Bommeleeër Prozess ass ee Mëssbrauch vis à vis dem normale

Mënsche Verstand!

Hei nach een Interview deen am Joer 2012 vum

Marc Thoma realiséiert gouf:

3 Dammen huet de Marc Thoma zu der Bommeleeër Affaire gefrot,

d' Lydie Polver,

d' Marie Paule Jungblut,

a meng Wéinegkeet...

"Kloer, wor et net keen“, huet de Procureur vu mir geklaut…

http://tele.rtl.lu/waatleeft/replay/v/20120213/23/56341/

Vill vu mengen Aussoen ginn haut als Aktualitéit verkaf...

Kloer, ech wor mega opgereegt, awer wien ass dat net, bei sou engem

Bomme Prozess, deen dem Statsbierger horrent Suen kascht, an déi

Schëlleg sech hannert enger Fassade verstoppen,

déi och Chamber genannt gëtt...!



Bookmark and Share

2 Kommentare
Guy Pierre SCHMIT
16/03/2013 12:46:59
Moien. Ech haat Iech op ären Komentar, dén Der op RTL.lu gessat hut geäntwert, mais RT-HELL huet en net publizéiert ( stungen ze brisant Nimm an Tatsaaachen drann ). An dém Dossier wéess ech zimlech vill, an et wärten jo hoffentlech déi 2 Affekoten eist Land mol richteg reselen. PS: Ech sin och dén Entlaaschtungszeien vum Här Marc SCHEER ( Affair MONNERECH - läscht Bomm - nozeliesen bei wort.lu )
Als Missbrauch markieren
16/03/2013 22:05:21
Gudden Owend Guy;
Genee aus deem Grond hunn ech dëse Blog, wou ech net zenséiert ginn, a menger Meenung fräie Laf loosse kann!
Vill vu mengen Comments goufen och net verëffentlecht, natierlech mécht een dat heemlech rosen, zemools wann een hei an do dee Brach liest, dee muench User verzapen.
Hunn Iech eng Mail geschriwwen, wier intresséiert un Ärem Text, dee "verschléckt" gouf.
Merci vir Ären Intressi!
Als Missbrauch markieren

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü