Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Prënzen Hochzäit --> ridicule!!

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 8/10/2012 22:10:10

Haut op RTL ze liesen, d’ Prënzen Hochzäit kascht 17.000 Euro méi, wéi geplangt...
Nee, wat awer och, wat eppes, alles wackelt mat de Flilleken!!!
17.000 Euro, PIPIFAX!!! Ze guer déi  317.000 Euro:
P I P I F A X !!!

Wat reege mir ons op, wäert de Juncker elo soen: „0,634 Euro op de Kapp, wësst Dir, wat den Départ vum T.d.F. kascht huet….“

Freedefeier an de Concert ass jo vir de Peubel ze amëséieren, vir deen aneren Moien d’ Béier Läichen an d’ Fläschen op ze kieren...

Dëst sinn alles gemauschelt Chifferen, wat déi Hochzäit ons effektiv kascht, gi mir guer net gewuer...!
Den Asaz vun der Force publique, wann all déi Helleg, Pardon, adeleg vum Ausland onst Ländchen beéieren...
Wat de Logement vun deenen Invitéierten kascht, an ob déi hir Garderobe gesponsert kréien, well et wier jo een Affront, wann 2 Dammen mam selwechten Hittchen am der Kathedrale géife setzen, wat wier dat ee Gespréich, deen 3 Wochen an der Press kurséieren géif...

Bei engem Staatsbudget vun
14,2 MILLIARDEN, an dat bei enger Populatioun vun knapp 500.000 Bierger, sollte mir ons mol iwwerleeën, wat méi prekär ass!!!!

Sinn sou lapidar Informatiounen, net ridicule??
317.000 €, amplaz vun 300.000 Euro...

Ass et dofir geduecht dass mir ons doriwwer opreegen, an dobäi vergiessen, dass zb. haut den ESM a Lëtzebuerg accordéiert gouf, a mir de Staatsbudget vun
14,2 MILLIARDEN aus dem Ae verléieren...
Eih, wéi flott, wat ginn mir vun de Medien manipuléiert, dirigéiert, a reegen ons punktuell just iwwer dat op, wat mir Hippches Weis vun der Presse duer gehäit kréien!

Doranner verbäissen mir ons, a sinn anscheinend sou glécklech doriwwer, dass hannert den Dieren schonn déi nächst “Schank” preparéiert gëtt, dass mir eppes ze knabberen an ze knadderen hunn!!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü