Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Schmittchen Schleicher schlaicht ronderëm

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 4/9/2012 00:26:30

Wann ech esou liesen, dass de Schmittchen sou vill besser Aarbecht wéi de Biltgen geleescht huet, froen ech mech perséinlech, wou dann d’ Resultat vun deem fulminantem Engagement ass?
Souwäit ech opgekläert sinn, kréien déi Jonk just nach “CAE” Kontrakt’ er, mat enger 32 Stonne Woch, wou se no engem Joer nees am Ongewëssen stinn!!
Dobäi kréien se nach Virwërf vun der ADEM gemaach dass se sech net genuch engagéiere géifen!
Och dat vill’ t zousätzlech Personal, wat op der ADEM agestallt gouf, sinn lauter CAE Kontrakt’ er, ergoe, ass dat keng Leeschtung, well et éischtens Aarbechtslose Quot verfälscht (zum Gudden vir de Schmittchen) ausserdeem kritt de Staat “bëlleg” Staatsbeamten, dat nennt een: “Zwee Mécken mat enger Klatsch terminéieren”
Ech wëll elo net de Biltgen luewen, awer wou ass de Schmittchen da besser???
An der kuerzer Amts Periode kann een absolut net vu positiven Resultater schwätzen, déi, déi en elo schonn an den Himmele luewen, hu wuel keng Kanner, déi sech engagéieren, eng “Festustellung” ze fannen!!
Hien sollt sech mol engagéieren, dass déi Jonk eng fest Platz fannen, amplaz, dass déi just *Experienz* sammelen, wou se sech näischt vu kafen kënnen!
Ech erënneren un een Interview am Telecran, wou de Schmittchen iwwer 60 % vun de jonke Leit geschwat huet, dass dat alles lidderech Säck wieren, dass se selwer Schold wieren, a sech net genuch engagéieren géifen!
Dat ass ee Schlag an Gesiicht vir all jonken motivéierten, deen sech mat Léif a Séil asetzt, eng fest Platz ze fannen!!
Wat intresséiert mech, op säin Fils Stress mat de Flicen hat, wat do genee gelaf ass, wëssen just déi Bedeelegt, an et brauch och keen ze mengen, dass hien do deen eenzege wier, dee säin Statut ausnotze géif!!!!
Awer Nee, mir debattéieren doriwwer, wat do deemools gelaf ass, veruerteelen hien dowéinst, a ginn ons keng Rechenschaft, dass sou Methoden och hei am Land, USUS sinn!!!!
Do ass de Schmittchen nach ee klenge Fësch!!!
An mir wäerten ons dach net dorunner verbäissen; wat zielt, ass; dass OCH de Schmittchen bis elo KENG Besserung um Aarbechtsmaart erbäi gefouert huet!!

Dass hien elo net als Ambassadeur a Paräis untrëtt, wat heescht dat schonn, seng Zukunft, seng Existenz ass geséchert, no 2014 wäert hien sou oder sou net an eng Epicerië sociale musse goen!
Dach, vläit vir sech ze weisen, dass hien eppes vir déi Jonk mécht, déi sech mat deene CAE Kontrakt’ er absolut näischt méi leeschte kënnen...!

Et gëtt vill vun Frae Quote geschwat, onst Viviane Pouderdous Reding plädéiert staark a Bréissel, ma wien plädéiert dann emol, dass ons jonk Leit eng Perspektive kréien, ee Contrat determiné, deen zu hiren *klengem* Wuelstand géif féieren, well sinn net déi Jonk d’ Zukunft vun onse Renten???

Ergoe, intresséiert Iech alleguer mol iwwer dat Engagement, dat de sougenannten “Aarbechts-Minister” vollbrénge sollt, amplaz Iech iwwer seng läppech Differenze mat der Police ze ënnerhalen!

Wann ons Jugend net geschwënn besser Konditioune virgesat kritt, huet Police deemnächst ganz aner Problemer....!

Oder mengt Dir dann, ons jonk Generatioun wier esou domm, a géif sech alles gefale loossen!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü