Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Energie Klass

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 22/5/2012 23:48:41

Eng Geld Maacherei! Wann ech een al’ t Haus hunn, an dat renovéiere wëll,
soll ech mir een Energie Beroder huelen, dee mir dann genee erkläert, wat ech ënnerhuele muss, vir mäin Haischen “Energië méisseg” ze renovéieren, an och déi eventuell Subsiden vum Staat ze kréien!
Wat eng Farce!
Wann ech meng Fassade net mat 30 cm. Styropor isoléieren, kréien ech näischt vir meng 3 fach Verglasung erëm, wann ech den Daach net mat Minimum 25 cm. isoléieren, kréien ech och kee Subside...
Mäin Haischen ass vun 1866; dat hunn ech beim Kadaster Amt no recherchéiert;
ech hunn 70’ er Maueren, déi u sech fantastesch isoléieren, kleng Fënsteren ,
déi net vill Hëtzt era loossen, wat soll ech do de Charme vum Haus verschampléieren
vir een tropeschen Subside?
Wéi gesäit dat dann aus, wann ech den Daach no hire Normen esou isoléieren,
oder op’ t Fassade 30 cm.Styropor pechen?
Ass dat d’ Iddie, vir al Haiser ze renovéieren, déi no enger “adäquat’ er Renovatioun” schampléiert sinn??
Huet nach keen vun deenen Energie Heini’ en dorunner geduecht, dass zb. bei engem Brand dee Styropor immens gëfteg ass, dass wann een zb. seng Fassade domatter isoléiert, een Zëmmer Brand ganz huerteg een Haus Brand ausléise kann; wat schonn ee puer Mol de Fall wor...
Nee, dat ass egal, well et geet elei just ëm d’ Mënz!

Ech vir mäin Deel renovéieren mäin Haischen, wéi ech et wëll, a päifen op déi Subsiden, déi een zwéngen, eppes ze veränneren, wat ee guer net wëll!
A mengem Haischen verbrauchen ech 1000 Liter Mazout an engem Joer, muench Energie Beroder huet do geschléckt, wéi ech him dat sot...
Wat ee Nonsens, all déi Energie Fanatiker, an déi Politiker, déi dëst och nach pushen!

Beispill: Ee Neibau mat 20’ er Maueren, mat rieseg grousse Fënsteren, kloer, dass een dat isoléiert, en plus am Summer een Klimaanlagen installéiert, well d’ Hëtzt an Zëmmer dréckt...

Mat engem Albau ass dat absolut NET ze vergläichen!!
Also, wien hunn mir op deene Ministère setzen, sinn déi méi domm ewéi ech, dass se net begräifen, dass een en alt Haus net op eng d’ selwecht Energie Klass kritt!

Dir Dammen an Hären, da probéiert emol de Palais esou ze renovéieren, pecht do mol 30 cm. Styropor un’ t Fassade, gesäit bestëmmt gutt aus!!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü