Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Nees eng Statistik...

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 26/6/2012 00:13:17

Alt ons nees ee Knachen dohinner geheien, dee mir lecke kënnen!
Dës Statistik ass net op reeller Basis kalculéiert!!!
Wann mir reell d' Zuelen op engem wäissen bzw. schwaarzem Ziedel géife gewuer ginn, wier et ons all schlecht, ganz schlecht!!
Nach viru kuerzem wore mir an enger Statistik op Platz 14, an enger anerer nees op Platz 2...
Déi gefakten Statistiken si geduecht, vir ons alleguer nach méi ze veronsécheren, an muenche Politiker hir Aussoen ze stärken, dass de Bierger de Rimm méi fest bäi zéien muss!
Wéi sot de Staatsminister dës Lëscht: "Unsere Ersparnisse sind sicher" gutt, dat wor jo mol keng Ligen, awer ons, dem Vollek seng huet hien wuel éischter net gemengt...
Awer eppes ass fest ze stellen, ons Politiker geheien d' Suen aus der Chamber' s Fënster, wéi wann mir déi 4 Räichst ze Lëtzebuerg wieren....
An nawell méchen sech Bréissel an d' Amerikaner an, wéi ee Spuerpotential nach bei ons ze realiséieren wier, och een Däitschen dee virun nach ee puer Méint sot: "Diesseits der Mosel kommen die Leute auch mir Ihrem Geld klar"
Dass esou Leit nach vun der Regierung an dem RTL ageluede ginn, sollt ons schonn weisen, op wéi enger Schinn se mat ons wëlle Schlitt fueren, a gleeft mir, no de Wahlen 2014 fuere mir ewech wéi eng Quetsch!!!
Firwat gëtt elo schonn den europäeschen Geriichtshaff op de Nationalfeierdag invitéiert, a kritt déi beschte Plaatz?
Ganz einfach, well et Lëtzebuerg an deem Sënn an 10 Joer NET méi gëtt, da sinn mir "Luxlorraine" oder "Groussregioun"
Déi puer Lëtzebuerger kréien sech bis dato dach net méi gewiert, alles leeft op déi Politik eraus, déi si an der Regierung laang beschloss hunn, an ons hanner Wand' s loossen, bis d' Bomm platzt!
Mir ginn als Lescht gewuer, wat leeft, dass schonn alles beschloss an ënnerschriwwen!
Dann ass just nach de Kirchbierg, wou hei an do d' Fiedem gezu ginn, de Recht leeft iwwer onse Käpp ewech! d' Auslänner kommen just nach de Bensin, Matout, Tubak a Kaffi kafen, wou Accisen vir de Pappa Staat de Porte Monnie fëllt, mat der Co2 Steier keeft Regierung sech fräi, de Lëtzebuerger selwer kuckt domm an d' Wäsch, well en um Enn vum Geld nach vill vum Mount iwwreg huet...
Iergendwéi dach ness déi um Ruder bléiwen, déi ons schonn zënter Joerzéngten an Faillitte dreiwen!
De Juncker ass elo zënter 28 Joer onse Premier, sicht mir een demokratescht Land, wou dëst de Fall ass, méi soen ech net!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü