Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

SREL

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 30/11/2012 23:00:18

Vergiesst et alleguer w.e.g. net!!!
Vergiesst alleguer net, wéi mir déi lescht Joer veraarscht goungen, vergiesst et 2014 NET
!!!
Soss verstinn ech awer näischt méi!

Wann d‘ Presse Konferenz kënnt, op Kleeschen’ s Dag;  mir wësse jo all, dass deen ee laange Bart huet;  da wor et keng Diskette, keng CD, d’ wor et eng Cassette, an déi huet de Mille ausenaner gewuschelt, an se d‘ lescht Joer als Lametta un de Chrëschtbeemchen gehaangen!
Natierlech huet hien no de Feierdeeg, säi Lametta uerdnungsgemäss recycléiert!

“Ech sinn gutt gelaunt wann och net heiter und gelassen, ech weess net, op dat penal Suitë’ kritt”
Nondikass, wéi arrogant ass de Premier ewell!
300.000 geheim Fichier’ en huet de SREL an den Archiven, eiheiheih...  also ass all 2. een potentiellen Landesverräter? Gutt dass déi  Donnée’ en net all op kriptéierten CD’ en ofgespäichert sinn!
Wat géif dat soss ee Furri, vir déi all ze entschlësselen!

Et ass eng lass am Ländchen, an ech kann dem MARC THOMA nëmme MERCI soen, well ouni seng Recherchen, ouni säin Bëss, wier dës” Affaire”, nee Saach NI un d’ Liicht koum!

Dat sollt OCH emol gesot ginn, well sou kritesch Journalisten sinn rare geséint am Ländchen!

Op alle Fall wäert dëst een hëtzeg’ t Chrëschtdag ginn, an muencher aus der Regierung wieren frou, wann schonn Ouschteren wier... do ginn Eeër jo méi gekrault!

Nach emol ee Wuert zur Oppositioun, déi sech därmoossen verwonnert weist, den Pfau, also de Bausch’ e Fränz sollt sech an de Zigelen halen, et soll mir keen soen, dass deen net och “au Courant” wor!

Maacht Iech net méi domm wéi Dir sidd, oder wéi Dir ausgesidd, et ass gewosst, dass quasi all Deputéierten méi weess, wéi en zou ginn wëll, do hëlleft och keng onschëlleg oder verwonnert Fiseminn!
Iwwerhaapt kann een dee Begrëff  “Oppositioun” hei am Land net vir bor Mënz huelen, well d’ Oppositioun do ophält, wou d’ Korruptioun ufänkt!

Mir, also d’ Wieler si nawell gespaant, wéi de Krimi weider geet... Der Pate, also onser Allerhellgen Juncker wäert schonn wëssen, wéi en sech, wéi ëmmer aus der Affaire eraus zitt!
“Wann et eescht gëtt, muss ee léien”

Mir kennen jo all seng Anekdoten, seng flapseg Bemierkungen, déi ëmmer entschëllegt goufen...!
Et läit elo un ons, ob mir sou weider fueren, op mir alles entschëllegen, well hien dach onser Här ass!!

Wann mir als Vollek net maans genuch sinn, duerch ze gräifen, hunn mir sou Ligener anscheinend verdéngt!

"Ibi fas ubi proxima merces."



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü