Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

FIASKO

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 17/11/2012 23:38:55

Kommt mir leeën all zesummen, an iwwerdaachen Lëtzebuerg!
Wa mir ons een onnëtzen Tram kënne leeschten, bréngen mir dat och nach ronn!
Onst Land ass zu engem drëttklassegem  Hannerhaff Theater degradéiert, d’ Acteuren aus der Regierung, souwéi den Haff, déi integral onst Land ruinéieren, sech vun de Lobbyisten steieren loossen, just an hir eegen Täsch schaffen;  ouni un de Bierger;  deen se gewielt huet, am wäitsten Sënn ze denken!
No der feudaler Prënzen Hochzäit, déi bal an aller Mond wor, ass et elo deen Fiasko, deen ons Regierung presentéiert...!
Evenementer iwwerschloen sech:
d’ Wiselechen konfirméiert de Broch tëscht dem Qatar an der Cargolux, den Albert Wiltgen trëtt zeréck, den Zoppekinnek schoustert de schwaarze Péiter dem Guillaume zou... de Bausch trommt op, a mengt, d’ Chamber hätt sech iwwer den Dësch zéien gelooss, an ze guer den OGBL weist sech zefridden, dass Qatari sech zeréck zéien...

Huet nach keen dru geduecht, dass de Qatar elo eventuell “Schuedensersatz” froen kéint, oder dass se sech elo besonnesch “fair” weisen, wat BIL betrëfft...??
Wat Idioten, aneschtes kann een se net betëttelen, freet de Qatar dann all seng Enveloppen zeréck, au moins dat wier dach eng Satisfaktioun; och; wann mir dat wuel als Allerleschten géife gewuer ginn.
Wat do alles intern gemauschelt gouf, wéi de Frieden d’ BIL gerett huet, an iwwer Telefon de President vum Qatar d’ BIL zum Schnäppche Präis ugebueden huet, wor d’ Welt vir den Zoppekinnek nach an der Rei. Hien, den Protagonist konnt imponéieren als Heros, wat en och an all Interview betount huet...
Awer Qatari schloen zeréck, an dat wäerten mir ze spieren kréien, duebel an dräifach... ech sinn elo schonn op’ t Ausrieden vun onser Regierung gespaant...!
Op den OGBL dann och nach sou süffisant de Broch mat dem Qatar vir gutt befënnt...gesinn mir spéitstens Ufank 2013...!

Mäin Papp, de Pierchen huet mir ëmmer gesot, ech sollt oppassen, mat wiem ech mech aloossen, mat wiem ech mech ëmginn, ech hunn säin gudde Rot ugeholl;
ons Regierung awer spillt mam Feier; wann Si sech verbrennen, bezuelen mir hir Brandwonnen, déi laangwiereg Wonnen berappen mir...!

De Qatar ass monter amgaang hallef Frankräich op ze kafen, vir hir Terroristen ze placéieren, mir Lëtzebuerger sinn elo op hirer “non grata” Lëscht, oder hat Dir gemengt, dat wieren alles brav Scheich’ s, just mat der Ambitioun opgetrueden sinn, d’ BIL an d’ Cargolux ze kafen???

Wat hunn mir Toperten an der Regierung, Pardon, ech muss mech einfach widderhuelen, a kann just de Kapp rëselen, iwwer sou vill Infantilitéit!
Ënnerlech mécht et mech awer ferm rosen, well sou Hännessen ons ruinéieren, a sech trauen, dat Wuert Demokratie nach an de Mond huelen!
Sou elitär Politiker, déi all sou ofgehuewe sinn, an guer net méi wëssen, wéi ee “normale” Bierger struewelen muss, well se a sakuläre Welten liewen, domm iwwerhieflech Rieden schwéngen, an sech vill ze sécher sinn, dass mir déi Schwaarz nees wielen!
LSAP kann souwisou apaken, déi just de Schläim Beidel Tumor vun de Pafe sinn, déi Gréng wëllen maulen, bréngen awer näischt konkretes op’ t Tapéit, well se genee wëssen: “Bis duer an net wieder”
Och all déi aner Oppositiounen piddelen ee bësse am Ierbessebulli, d’ Siicht gëtt dowéint awer laang net méi kloer...!
Alles Kachkéis, alles Brach, dee ganze Schmu, deen se ons; als Wieler; wëlle verkafen kann net opgoen!
Viru kuerzer Zäit huet sech de Maître Vogel zu Wuert gemellt; hien; den Liichtbléck vun der Revolutioun, huet den Opruff vir eng nei Partei lancéiert, ville Leit Hoffnung gemaach, dass mir finalement alleguer den Optimismus hunn, aus dësem Dilemma eraus ze kommen!

Falls de Gaston Vogel dës republikanesch Partei grënne wéilt, géif hien:
1. Géint seng eege Wierder goen, nämlech Partei onofhängeg ze sinn
2. Misst hien sech als Fan a Copain vum Juncker ferm distanzéieren
3. Missten geschwënn Doten folgen, well et absurdum ass, dem Vollek Hoffnung ze maachen!

Mir halen un engem Stréihallem fest, a wann dee nach sou manipuléiert ass, d’ Haaptsaach mir hunn iergend eppes, wou mir kënnen upaken...
Eleng dat ass esou grotesk, dass mir perséinlech d’ Schudderen aus ginn!
Wann iergendeen mir elo rapprochéiert, dass ech riicht eraus soen, dass ons Regierung korrupt ass, a mech freet, wou do d’ Preuven wieren., ass deejéinegen rommeldomm, well wien dat net agesäit, dass am Ländchen keng Enveloppen verdeelt ginn, huet de korrupte System net verstan!






















Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü