Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Hochzäit um Haff

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 10/7/2012 01:47:01

d' Vollek dierf mat feieren...Fräi Nuecht, wow, mega, do huet Vollek och eppes dovunner...
Wat déi Hochzäit d' Vollek kascht, dorunner denken mir léiwer net!
Alt nees een Knachen dohinner gehäit, dass de Mop sech drun erfreet... an eppes ze knabberen a ze knadderen huet...
Fräi Nuecht, eih, allgemenges Besäufnis an der Staat, dass den Dag duerno nees d' Botz Équipë moies um 5:00 u réckele muss, vir Béier Läichen an den Dreck ze entsuergen!
Och aner Gemengen wäerten nozéien, dass de Peuble een offizielle Grond huet, ze feieren, an ons Police duerno laanscht d' Stroosse steet, vir de Bong ze entsuergen, a d' Stroosse vum Mop gebotzt sinn!
d' Hochzäit vum Joerhonnert um Haff, mir platzen all vun Houfert!
Vir wat pochen mir all op ee fräien Dag, mir sollte frou sinn, iwwerhaapt eng Schaff ze hunn!!
Mir mussen jo schaffen, dass d’ Steieren era kommen, vir genee sou iwwer dimensional Projet’ en ze finanzéieren, wou ons Politiker sech hofféieren, an d’ Land verkafen!
d’ Ländchen an deem Sënn verkafen, dass auslännesch Investisseuren hei investéieren, an ons Monarchie, déi groussen Undeel un dësem Verkaf huet, nawell héich ze liewen!
Wat ee Kreeslaf, wat ee Furri vir de Bierger!
Een Houfert, dass de Guillaume elo bestuet gëtt, a mir alleguer d’ Recht hunn, ee gudden ze Duuscht’ en!
Mir sinn awer gutt erzunn, a follechen der Obregkeet no Stréch a Fuedem, loossen ons diktéieren, wéini mir feieren dierfen, a freeën ons all, op eng fräi Nuecht!
Dobäi si mir ons guer net bewosst, wien nees de Profit eraus schléit...
Nee, mir denke net, mir liewen d’ Monarchie, an erfreeën ons un der Hochzäit, déi dach sou villes verännere wäert...
Wat genee dës Reunioun verännert, wësse mir net, awer mir kréien eng fräi Nuecht!!!
Wat genee den Euro verännert huet, wësse mir jo mëttlerweil...
A mengen Aen ass dës Hochzäit, sou romantesch se och duer gestallt gëtt, ee Geschäft, ee Buisness, deen dem Zweck déngt, awer net dem Bierger...!
Den Zweck muss sech jiddereen selwer ausmolen, de Fait, dass d’ Regierung Invitée’ en eraus sicht, seet mir, dass et, wéi beim Te Deum dorëms geet, auslännesch Personnagen an d’ Land ze zéien, déi duerno esou faszinéiert sinn, vir hir fiktiv Monneten ze investéieren!
Lo si mir bei der Wourecht, et geet ëm d’ Klaken, ëm d' Reputatioun, wat gelift....?
Wou ass do eng Romantik vun enger Hochzäit??


Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü