Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Erzwongen Energië Effizienz

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 15/9/2012 22:25:32

Muench Ausso vun Politiker vergësst een ni, sou wéi déi vun virun puer Joer, dass mir Bierger et ons sollen an Zukunft ofschminken, een Haus mat Bering ze besëtzen.
Elo si mir souwäit...!
Ons Regierung setzt wierklech all an Hiewel a Beweegung, et de Leit quasi onméiglech ze maachen, sech eege 4 Wänn a Form vun engem Haus un ze schafen!
Laut Gesetz muss et haut dës Daags schonn een Niddreg Energie Haus sinn, vir iwwerhaapt an der “Schanke” Norm ze leien.
Dobäi sinn déi zousätzlech héich Käschten éischt an 30 Joer amortiséiert, bis dohinner leeft vill Waasser duerch d’ Musel, en plus muss d’ Koppel et dann och 30 Joer mateneen aushalen!
Kloer ass dat bësse sarkastesch, ma wien wonnert dat, bei sou Gesetzer, déi all Haus devaloriséieren, wat eeler wéi 40 Hoer ass!

Déi gehéieren am Beschten direkt ofgerappt, vir duerno eng Panech Konstruktioun (Residenz) dohinner se bauen, natierlech ganz innovativ, vun engem Promoteur, dee sech genee un d’ Bestëmmungen hält!
Dofir sinn jo och sou vill Appartement’ s Propriétairen, déi, nodeems se 5 Joer a sou engem Bau wunnen, mat engem Expert assermenté praktesch per Du sinn!

Wat ons Elteren a Grousselteren opgebaut hunn, ass net Energië effizient, genee sou wéi dem Edison seng Bier, déi duerch modern’ t Quecksëlwer Geliits ersat gouf, vu Lobbyisten vun Osram deck ënnerstëtzt...!
Wien ënnerstëtzt dës nei Reglementer; och Lobbyisten; wéi Investisseuren, Banken an net ze vergiessen, ons Regierung, déi et net loosse kann, onst Ländchen mat 700.000 EU Bierger ze besidelen!
Sou eng vaste Populatioun ass natierlech nëmme méiglech, wann de Bierger keen Haischen huet, dofir ginn d’ Haus Besëtzer jo mat alle Moyen’ en kujenéiert, iergendwann gi se vu selwer op...!
Se ginn finanziell gedirängelt, éischt gouf de “bëllegen” Akt zu Gonschten vun der Regierung esou manipuléiert, dass een, ouni op eng Energie Klass... ze kommen, de Keefer just nach d’ Halschent vun den Enregistrement-Fraien (les droits d'enregistrement et de transcription) bénéficëieren kann, wann een net direkt,  no de neien “Schanke” Normen, renovéiert,!
Ma wien kann dat dann??
Kloer mir sinn laut Statistik, déi 3. Bescht Verdénger, och ons Kafkraaft läit international op 3. Platz, egoe hu mir och gefällegst déi Normen ze akzeptéieren, an ons duerno ze riichten!

Alles Kale Kaffi, ëmmer méi Lëtzebuerger wanderen aus an d’ Grenz Gebitt, an Frontalier’ en immigréieren op Lëtzebuerg.... ass dat d’ Politik, déi mir ustriewen?
Wor dat de But, wor dat Imaginatioun vun onse Grousselteren, déi mat Schweess alles opgebaut huet,  wat haut just nach Energië Balast aus alen Zäiten ass!?

Een “alt” Haus, do muss een Minimum 40 cm Styropor op d’ Fassade pechen, wann et dann iergendwann brenne sollt, brennt wéinstens direkt d’ ganz Bud of, well de Styropor ee Brandbeschleuniger ass!!
Egal, d’ Haaptsaach isoléiert, kee weess ze soen, op de Styropor net och an 30 Joer als “Sondermüll” wéi den Asbest entsuergt muss ginn!!

Mäin Haischen ass vun 1866, hunn dat no recherchéiert, meng Maueren sinn 80 cm. déck, ech brauch weder eng Klima Anlag am Summer nach vill Brennes am Wanter, mäin Mazout Verbrauch an engem Joer: 1500 Liter!!!
Sinn och amgaang ze renovéieren, kréien eng nei Chaudière, an och nach dëst Joer ee neien Daach, wëll guer keng Primen, dat eenzegt, wat ech ugefrot hunn, ass Demande vun der TVA, dass ech amplaz 15 % der 3% bezuelen!

Se sollen dat och nach ofschafen, dann ginn nach méi Firmen am Land Faillitë, well de Bierger sech dann absolut keng Renovéierung méi leeschte kann!!

Onse Staat probéiert op all “schwaarzem” Wee, de Bierger esou ze formen, dass en guer kee Bock méi huet, iwwerhaapt nach eppes ze besëtzen, sou Gesetzer wéi onbebauten Terrain’ en oder Haiser ze besteieren ass dat beschte Beispill, dass mir all gestriizt ginn, vu wegen Immobilien Spekulatioun, de klenge Mann spekuléiert gewass, wien spekuléiert???

Mir wëssen et dach all, an trauen ons net, de Bak op ze dinn!!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü