Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Wa Banke sech u Statistiken erun trauen...

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 14/9/2012 21:55:19

Ech wor ee vun 1000 auserwielte Bierger, déi bei enger STATEC Ëmfro matmaachen dierften! Ech sollt an engem Zäitraum (1 Mount) ALLES opschreiwen, wat ech konsuméieren, a kréien als Entschiedegung 85 €.
Gëscht hunn ech bei dee STATEC Spioun ugeruff, a gesot, dass ech net gewëllt sinn, Buch ze féieren an schonn guer net, hinnen dat "Bichelchen" géint 85 € Entschiedegung ze iwwerloossen.
Deen wor nawell ferm enttäuscht an huet gemengt, dass de Staat sech déi wichteg Statistik dach och géif eppes kaschte loossen...
"Jo 85000 €, an Dir kënnt dem Allegrezza ausriichten, dass mir et souwisou alleguer déck hunn"
Do wollt de Statec Spioun net méi weider mat mir schwätzen, obwuel ech nach puer Argumenter op Lager hat...

Sou vill zum Thema Statistiken, a wat sech de Staat dat kaschte léisst, wann UBS Bank awer eng Étudë mécht, vir wat mécht Statec dann nach gären eng?
Wat brénge sou Statistiken iwwerhaapt, ausser dass de Nopeschlänner Sand an d’ Aen gestreet gëtt, dass do Mëss Gonscht entfacht gëtt, an d’ Auslänner mengen, hei wier net nëmme ee Steier Paradäis, ma och dass mir Paien hunn, dass déi aner all néideg ginn.
Et muss ee geschwënn am Ausland fäerten, ze soen, dass een ee Lëtzebuerger ass!!! Ass dëst d’ Bild, wat mir wëlle vir spigelen, da brauche mir ons och net ze wonneren dass Finanz Experten aus aller Welt hei am Land Gesetzer maachen wëllen, vir dem Bierger säin Akommes ze drécken!
Wat ass dat iwwerhaapt vir eng Statistik, wou Wunneng’ s Käschten net respektéiert ginn, do geet dach dee gréissten Deel vun der Paie drop!
Wien gouf gefrot, vun der UBS, just Banker, Affekoten, an aner Grouss Verdénger?
Géif de “normale” Bierger gefrot, hätte mir weder déi 3.Platz vun den héchsten Akommes, nach wieren mir bei der Kafkraaft op der 3. Platz...!
Aen Wäscherei!!

Bräichte mir Epicerie sociale, wann dës Statistik hir Lige strofe géif??
Wiere Familljen op eng “Allocation de vie chère” ugewisen, déi och laut enger rezenter Statistik ëmmer méi an Usproch geholl gëtt!
Am selwechten Otemzuch gëtt dann gesot, dass eleng am 2. Quartal vun dësem Joer, d’ Präisser um Immo Marché nees ëm 4,3 % an Luucht gaange sinn...!

Den Indicateur de pauvreté geet a Lëtzebuerg ferm erop:

http://www.statistiques.public.lu/stat/TableViewer/tableView.aspx?ReportId=2117&IF_Language=fra&MainTheme=3&FldrName=1&RFPath=29

Dat ass Fakt a léisst sech och net duerch Statistiken schéin schwätzen, obwuel dee Link och nees op eng Statistik baséiert... deen awer NET an der Presse ronderëm geet!!!




Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü