Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Macadam' s Fabrik

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 18/8/2012 22:42:04

A wéi eng Lobbyisten hu bei deem Projet nees mat gemauschelt, vir eng sténkeg Fabrik an de Monkeler ze bauen, eleng dass de Commodo Incommodo an d’ Vakanzen Zäit geluecht gouf, weist jo, dass se dee Projet ouni vill Zirkus vun der Populatioun wëllen duerch zéien!
An dee wäerten se och realiséieren, ob sech de Wiseler mat deem Accord Frënn ze Schëffléng  an Emgéigend mécht, ass den Awunner iwwerlooss!!
Wat mech awer de Kapp rësele léisst, ass de Fakt, dass se ze Käerjeng nach viru kuerzem Millioune bezuelt hunn, vir déi al Goudrong’ s Fabrik, déi schonn bal vergiess wor, ze recycléieren, dee contaminéierte Buedem vir deier Steiersuen ze entsuergen, wéi se Zuch Bréck an Direktioun Suessem nei gebaut hunn, hunn ons Hären da nees guer näischt dobäi geléiert?
Anscheinend net, do ass och keen Environnement, och kee Blanche Weber, deen ee negativen Prés Avis duer leet, firwat, ech sot jo ... Lobbyisten!
A genee deenen ass et och egal, dass de Bierger mat contaminéiert gëtt, dass Wäerter ( EU Normen) nees schéin geschwat ginn, a guer keng Dioxin Gefor besteet...!
Obwuel ee Generalist elo schonn gewarnt huet, dass de Kriibs Risiko wuel ferm an d’ Luucht goe géif, am Fall wou déi Makadam’ s Fabrik a Schëffleng gebaut gëtt.
Sinn der Gesondheet Keess  sou Fakten egal, oder awer ass et eng makaber Art a Weis, dass de Bierger net all ze al gëtt!!!
Mir hunn 3 der sténkeger Goudrong’ s Fabriken am Ländchen, firwat ergoe nach eng???
Wéi eng Motiv’ er stiechen hannert deem Projet, deen de Bierger net wëll, deen ons keng Aarbecht’ s Platze bréngt, awer deen forcément vun der Regierung gewollt ass?!

Nee, dat ass keng Schwaarz Molerei, et ass bewisen, dass Politiker a Lobbyisten ganz onmënschlech Ideologien vertrieden, déi laang NET zu eiser Wuel sinn!
Sicht emol an enger Suchmaschinn, am Beschten der XQuick Suchmaschinn, well déi keng IP Adressen späichert, den Begrëff : Codex Alimentarius oder kuckt Iech dee Reportage op You Tube un: http://www.youtube.com/watch?v=OcJGhRsT6fw&feature=g-vrec
Do gitt Dir méi gewuer, wéi Iech léif ass, an et versteet een direkt den Hannergrond vu sou Projet’ en, déi engem virun d’ Nues gesat ginn!
Schonn um Belval gouf op contaminéiertem Buedem gebaut, de Minister Biltgen bretzt sech jo haut nach, dass hien sech vir dee Projet därmoossen agesat huet...
Mir ginn dach vir domm an onmënneg gehalen, onsen Avis an ons Reklamatiounen sinn an hiren Aen just lästeg, mir gi gehéiert, awer d’ Saach ass laang beschloss!
Och esou bei der Sotel Leitung...!!
Argumenter, dass et dem Bierger net schuede wäert, Expertisen, déi och just sou solvabel sinn, wéi deen, deen se an Optrag ginn huet, kréien mir duer geluecht, a solle gefällegst gleewen, wat ons “schwaarz op wäiss” presentéiert gëtt!
Mir solle kuschen, well mir hunn déi gewielt, a Si wëssen, wat se maachen!
Genee, Si , deene Korruptioun a Chantage ee Friem Wuert ass, hunn aner Intérêt’ en wéi ons Gesondheet!

Et läit ergoe un ons, sech ze wieren, a net kleng bäi ze ginn, dat ass Sisyphus Aarbecht, a wäert och just Friichten droen, wann ee konsequent bléift!



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü