Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Wickreng-Léiweng, eng Farce

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 13/6/2012 21:03:17

Lo hunn se de Bulli, ee Mega Projet, deen am Fong kee gebraucht huet, ausser vläit ee puer Politiker, déi sech mat dësem Status Objet profiléiere wollten a verschidden Investisseuren, déi sech eng gëlle Nues mat deem Projet verdéngt hätten.

Ech kann mech nach gutt erënneren, wéi d’ Hetto an Kamera vun RTL gegrinst huet,
an de Projet Wickreng an den Himmel gelueft huet, vun sëllechen Touriste goung do Riets, déi ALLEGUER ze Wickreng géifen kräfteg akafen...

Lo huet Regierung auskaft, d’ Blamage ass grouss, an se lecken hir Wonnen!
De Staatsminister huet wéi üblech, well hien sech net méi ze wieren gewosst huet,
op d’ Tréinendrüs gedréckt a beleidegt gemengt:
“Ech féiere keen Gespréich méi mat engem Investisseur, ouni Procès verbal, deen den Promoteur dann ënnerschreiwe muss!
An dann wäert Dir mol gesinn, dass geschwënn KEEN Investisseur méi u Lëtzebuerg intresséiert ass"
Kënnt mir iergendwéi bekannt vir, déi beleidegt Art a Weis, déi hien och am Joer 2000 raushänke gelooss huet, wéi et ëm d’ Aféierung vum Euro gung, deemools ass hien domatter duerch komm, elo wäert dat och scho klappen!?
Oder?
Gëtt de Bierger net méi “hellhöreg” wat sou “Affairen” ugeet??
Vehement hunn se behaapt, dass keng Korruptioun am Spill wor,
ma kann een dat dann gleewen?
Ech vir mäin Deel gleewen et net, och wann den Halli Galgendorf behaapt huet,
en hätt just 10 Sekonnen mam Direkter vun der Spuerkeess geschwat, eleng déi Ausso, dass d’ Gespréich just 10 Sekonne gedauert huet, muss eng Ligen sinn!!!
Déi kennen sech dach all gutt, an do ginn dach ëmmer nach frëndschaftlech Floskelen ausgetosch!
Ligen iwwer Ligen vir ee Projet, deen Lëtzebuerg; ech schwätzen vum Vollek; guer net gewollt huet!
Vu Plainten ass elo riets, an Enquête' n, vum Procureur, deen elo alles klären soll, och dat kascht dem Steierzueler just Suen, an duerno verleeft och alles am Sand, oder Beweiser sinn beim FBI verschwonnen, mir kennen dat jo...
Mir hunn genuch Geschäfter am Land, an ee Futtball’ s Terrain vun dëser Dimensioun brauchen mir och net, well am Futtball sinn mir dach Amateuren, a keng Profi’ en, déi op enger EM oder WM spillen!
Den Stade Josy Barthel ass dach Fifa konform, ëmmerhinn ginn jo hei an do “grouss” Matcher do gespillt...
Ons Regierung par Konter wollt nees mat de groussen Hënn pisse goen, dës Kéier hunn se sech selwer widdert Been gepisst!
Wat Oppositioun ugeet, do wëll ech elo mol näischt kommentéieren, well d’ Verhalen vun der CSV huet mir genuch gewisen, se kruten dës Kéier mol eng op’ t Mëtsch, hiren eegenen Gréisstewahn  ass de Pafen op' t Réck "Kräiz" geschloen!
Do kann de klenge Biltgen ons nach esou formell erklären, dass "d' Foussvollek" muench Wierder flasch an net juristesch versteet!

Fazit vun dëser Blamage ass een anert Buch, wat mir 2014 opschloen,
bis dohinner leeft nach vill Waasser duerch d’ Musel...an etlech Korruptioun' s Affären ginn wéi ëmmer vun deene Schwaarzen vertuscht!

Ofstëmmung weist jo klipp a kloer: 39 Stëmme géint d'Resolutioun, 21 waren der dofir. Et kënnt NET zu enger Enquête-Commissioun...

Léiweng, Wickreng, eng Schan,
net nëmmen a mengen Aen!
Korruptioun hin oder hir,
den Investisseur se am Geschir!
Elo ass de Bulli um Sténken,
se all mat de Flilleke wénken!
Keen ass Schold, zemools net Pafen,
déi onschëlleg, wéi déi 3 Afen!
Keng Enquête, keng Kommissioun,
hannerfreet rout schwaarz Koalitioun!
De Juncker beleidegt, ganz schwéier,
hien nawell ferm getraff an senger Éier!
“Ech schwätzen ni méi ouni Zéien,
Lëtzebuerg wäert dëst bereien”
Den Houfert vun him méi fulminant,
wéi mir Bierger an d’ Wuel vum Land!
Bierg of geet et, dreiwen drop hin,
op hirer wuel bekannter Schinn!
Ee Skandal méi, dee verleeft am Sand,
et ass net ze weisen vun der Hand!
Dass ons Regierung ass korrupt,
sech als Drecksäck entpuppt!
Déi ons manipuléieren, dirigéieren,
onse Wëllen administréieren!
Onsen Esprit wëllen briechen,
nawell, dat kënnt Dir vergiessen!
Well de Bierger hannerfreet,
well et ëm seng Zukunft geet!
Är ass geséchert, ons steet a Fro!
Pakt an, Korruptioun an Euro
wollte mir ni hunn, hu mir net gewielt!
Ass et net d’ Vollek, wat zielt?


Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü