Hauptmenü
Houfreg huet d’ Wiselchen d’ Pläng dem RTL gewisen, wat den Echangeur Wickreng awer vir Virdeeler bréngt, e kascht och nëmmen 20 Milliounen, dat ass vis à vis vu Léiweng ee richtege “Outlet” Schnäppchen!
Och huet den Echangeur Wickreng glat a guer näischt mat anere Projet’ en ze dinn, wéi zb. Akafszentren, Wunnengen, Büro’ en an engem chic’ em neien Hotel!
Deen Echangeur gëtt just gebaut, dass d’ Bierger vu Steebrécken verkéier’ s technesch eng besser Liewensqualitéit hunn, sot d’ Wiselchen!
Schonn viru 5 Joer huet dee Projet Wickreng ugefangen, mam Verréckelen vun enger Tankstell...
An dat gleewe mir him och, dat hannerfroen mir guer net, well hien géif ons dach net beléien?!
Enn dëses Joer’ s geet et lass, just muss nach eng Tankstell déplacéiert ginn, alles vir de Wuel vum Awunner a senger Secheheet!
Léiweng ass elo mol offiziell vum Regierung’ s Dësch, au moins sou laang, bis den opsässege Bierger sech berouegt huet, an déi “Saach” Léiweng-