Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Juncker a Jangendag

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Life Style · 24/6/2012 21:48:32

Et ass eescht am Land, an dëst wëll ons de Premier um Virowend vum Nationalfeierdag däitlech ze verstoe ginn. Mir si keng léif Lëtzebuerger méi, just nach Dammen an Hären, firwat, well ëmmer méi Leit dat schäinhelleg‘ t Spillchen vun der Regierung duerchkucken, an de Juncker nach net d‘ Remarque‘ n vum Bierger verdaut huet, wat “d‘ Saach” Wickreng Léiweng betrëfft...
Et huet ee gemierkt, dass hien ons géigeniwwer nach ferm getouft ass, a wollt ons och mat senger Ried kloer maachen, dass mir nach laang net aus der Kris sinn!
Pardon Staatsminister, op Nationalfeierdag wëlle mir näischt vu Scholden an dem Rettungsschierm héieren, wor dat eng Retourkutsch dengersäits??
Mir héieren genuch vun der Kris, déi Europa ons agebrockt huet!
Weider seet de Staatsminister, dass mir ons ëm d’ Gesondheet vun onse Finanze bekëmmere mussen
ech verstinn net wéi de Juncker dat mengt, mir spueren all, wou mir kënnen, a n d’ Regierung gehäit Geld zu de Chamber’ s Fënsteren eraus, den Tram, den Echangeur Wickreng... Seelbunn... de Centre Hamilius... Passerelle beim Knuedler....
Lauter Projet’ en, déi de Bierger net brauch, alles Statussymbol’ er, déi op Käschten vun de Bierger ariicht ginn, an déi d’ Vollek och berappe soll.
Vun onser Gesondheet geet keng Rieds, och net dass de Staat vum Geriicht ugeklot gëtt, dass se tëscht 20 & 30 Milliounen vun der Krankekeess ugeklot goufen, wou den Zoppekinnek Frieden an de Claudie National nawell ferm rose woren, dass dee Problem net “intern” geléist gouf!!
Jo, intern, doranner si se gutt, ons Ministeren, intern zéien se ons Suen eraus, déi se dann de Banken nees extern hannen era blosen!

Just wann de Juncker iwwer’ t de Mariagë vum Guillaume a senger Contesse schwätzt, da kënnt hien an Schwäermen, a well ons däitlech maachen, dass ganz Lëtzebuerger Land sech op dat Evenement freet!
Ass dat dann esou, freeën mir ons dann alleguer?

Et ass d’ Regierung,  déi de Mariagë organiséiert, den Te Deum huet Regierung och organiséiert, do ass direkt ee “klénge” Skandal  ausgebrach.. oder eng “Saach”?
Op dat ee gudden Omen ass?


Wien wëll sech mat der Hochzäit méi profiléieren, den Haff, oder dach Lëtzebuerger Regierung, déi mat geschwollen’  er Broscht den Houfert net bremse kënne, well dëst vir Lëtzebuerg eng gutt Reputatioun ass, au moins, wat gesellschaftlech a finanziell Ressourcen ugeet...

Ech si kee Frënd vun der Monarchie, awer gëtt dës Hochzäit net benotzt, vir  “Luxembourg for Finance” weider ze développéieren...



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü