Sonja's Weblog - Sonja @ Feschmaart

Direkt zum Seiteninhalt

Hauptmenü

Lëtzebuerg an Al Quaida

Herausgegeben von Sonja Thorn in Lëtzebuerger Politik · 7/9/2012 23:49:51

Wou ass do een Zesummenhang?
De Qatar ass den Haaptsponser vun der Al Quaida, och Saudi Arabien (wou den Asselbuer grouss Stécker drop hält) bezilt Milliounen, vir Salafisten also Al Quaida finanziell ze ënnerstëtzen.
Al Quaida ass laang net, wéi et d’ Amerikaner gären propagéieren, duerch den Afghanistan Krich an enger Minoritéit, och den “ominéisen” Doud vum Bin Laden huet absolut näischt dozou bäigedroen, dass dës Struktur geschwächt gouf, am Géigendeel, et ginn immens vill jonk Jihadisten mat EU Hëllef rekrutéiert!
Gruppéieren wéi Defence Leage pushen nach Salafisten, a mir kréien ee komplett verfälscht Bild vun de Muslimen am allgemengen!
Dat sollt och emol gesot sinn!

Kommen mir awer mol nees bei Iwwerschrëft.
Lëtzebuerg huet Cargolux an och BIL (Dexia) un de Qatar verkaf, de Guillaume ass duerch den Oman, de Qatar an aner arabesch Länner gereest!
“Luxembourg for Finance” wor d’ Missioun!

Elo huet Lëtzebuerg 2 bedäitend Firmen un de Qatar verkaaft, deem Qatar deen Salafisten an Al Quaida mat Milliounen fiddert, dass déi Jihadisten rekrutéieren, vir den Terror an Europa weider opliewen ze loossen!
Ergoe schafft Lëtzebuerg mat Staten zesummen, déi Al Quaida mat Millioune fiddert!
Ass BIL ee Mëttel zum Zweck, vir Suen wäiss ze wäschen, déi integral un de Terror ginn, deen ons Politiker “offiziell” bekämpfe wëllen...!
Dat ass dach krank!!!
Cargolux? Flitt déi elo d’ Waffen, dass Salafisten de westleche Länner Angscht kënne maachen, wou Europa dann weider schäinhelleg géint den Terror propagéiert an d’ EU dann nees Milliounen asetzt vir déi Länner op ze bauen, déi se quasi selwer zerstéiert hunn!!
Dat ass dach méi wéi pervers!!!
Sou huet ons Regierung Blutt un de Fanger, ons pafesch Regierung, déi ons méi, wéi belitt!
Vun der schäinhelleger EU guer net ze schwätzen...!

„Der beste Platz für Politiker ist das Wahlplakat. Dort ist er tragbar, geräuschlos und leicht zu entfernen.“  Loriot





http://www.youtube.com/watch?v=zrpEcHvCtC4



Bookmark and Share

Kein Kommentar

Last Up-Date - Tropical Time
Zurück zum Seiteninhalt | Zurück zum Hauptmenü